De Roger Ballen gehéiert zu de renomméiertsten a beschtbekanntste Fotografe weltwäit. Am Kader vum European Month of Photography stellt d’Galerie Valerius eng Serie vum Fotograf aus. De Kënschtler kënnt aus der Dokumentar-Fotografie, seng Mamm war selwer Fotografin bei der Agence Magnum, hien ass als jonke Mann a Südafrika ausgewandert, an huet a senger Fotografie besonnesch Mënschen, déi um Rand vun der Societéit Liewe festgehale.
Seng Fotografie geet haut awer wäit iwwert Dokumentar-Fotografie eraus. A senge Wierker vermësche sech Realitéit a Fiktioun, Dram an Albdram. De Chaos dominéiert dacks.
Niewent de Mënsche spillen Déieren eng ganz wichteg Roll a senge Wierker, déi hie mat Zeechnungen a Skulpturen an Zeen setzt an da fotograféiert.
Dem Roger Ballen seng Fotografië kann een nach bis den 20. Mee an der Galerie Valerius gesinn.