
Zënter 1992 gëtt et dëse Präis, deen déi bescht literaresch Publikatioun vum leschte Joer auszeechent a mat 6.000 Euro dotéiert ass. D'Elise Schmit ass déi 6. Fra, déi dës Auszeechnung vun der Fondatioun Servais iwwerreecht kritt.
An de sechs Geschichte beschäftegt sech d'Autorin mat verschiddene Forme vu Falen, déi symbolesch kënne sti fir Situatiounen am Liewen. Si beschreift sechs ënnerschiddlech Charakteren. Si sinn op engem wichtege Punkt an hirem Liewen ukomm an mussen entscheeden, wéi hir eege Biographie weidergeet. D'Buch "Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen" ass bei Hydre Edition erauskomm.
An der Péitruss spadséiere goen – dat mécht d' Schrëftstellerin Elise Schmit dacks. Hei fënnt ee si och beim Liesen an Iddie sammele fir nei Geschichten. Schreiwe mécht si scho laang, mee publizéieren an als Autorin schaffen, dat ass e Schratt, deen net jidderee geet.

Donieft huet de Jury och e Prix d'Encouragement iwwerreecht un de jonken Auteur Jean Bürlesk fir säi Manuskript "The pleasure of drowning".
