Nominéierunge sinn eraus"Squid Game" an "Succession" sinn déi grouss Favoritte bei den Emmy-Awards

RTL Lëtzebuerg
Mat ganzer 25 Nominéierunge geet d'US-Serie "Succession" an d'Course.
© AFP

En Dënschdeg den Owend goufen d’Nominéierunge fir déi renomméiert Emmy-Awards bekannt gemaach. Den Netflix-Welterfolleg “Squid Game” an d’US-Serie “Succession” goufen direkt e puer Mol nominéiert, ënnert anerem an der Kinnekskategorie “bescht Dramaserie”. Och d’Acteuren aus béide Serien hoffen op eng Auszeechnung. Déi südkoreanesch Produktioun “Squid Game” ass eng däitscher Satire iwwert Gameshows. “Succession” dogéint handelt vun engem Mediemogul a sengen intriganten Ierwen.

An der Kategorie “Komedie” ass “Abbott Elementary” ee vun de Favoritten. Wien an der selwechter Kategorie ofraume kéint ass d’Las-Vegas-Tragik-Komedie “Hacks” an d’Futtball-Komedie “Ted Lasso”.

Bei de Miniserië goufen nieft der 20facher nominéierter Vakanzesatire “The White Lotus” virun allem Serien nominéiert, déi Geschichte mat deels reelle Begebenheeten erzielen, dorënner Verfilmungen iwwert d’Pamela Anderson an d’Anna Delvey.

D’Gewënner vun der Editioun 2022 wäerten den 12. September zu Los Angeles annoncéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO