Sief et live oder online: weltwäit fënnt d’Konzept immens groussen Uklang. Och hei zu Lëtzebuerg ass d’Stand-Up Comedy Zeen iwwer déi lescht Joren immens gewuess. D’Offer ass diversifiéiert, genau wéi d’Sproochen, an deenen d’Setten organiséiert ginn. Dat wier e grousse Virdeel zu Lëtzebuerg an ee vun de Grënn, wisou och ëmmer méi international Acts de Grand-Duché um Radar hunn, wa se an Europa ënnerwee sinn.
Ee vun deenen internationale Stand-Up Comedians ass de Kanadier Dan Belkin, deen zanter engem gudde Joer reegelméisseg am Bar “Le Croque Bedaine” um Lampertsbierg ze fannen ass, ënner anerem mat sengem Set “Fake Freuds”. Do schreiwen d’Leit um Ufank vum Set e Problem oder eng Bemierkung op een Ziedel a wärend dem Set diskutéieren a “reegelen” d’Comedians dee Problem dann, zesumme mam Public.
Eng aner Plaz wou ëmmer erëm Setter ze gesi sinn, ass de “Carlitos’ Comedy Club”, dee sech als “eenzege Comedy Club am New Yorker Stil” beschreift. Nieft enger Rëtsch Open-Mics a Showcasen, ginn och Workshoppe fir jiddereen ugebueden, dee villäicht selwer emol säi Witz op d’Blat wéilt bréngen.
Dat sinn awer nëmmen zwou Plazen, wou ee Stand-Up Comedy kucke goe kann. Fir déi, déi manner un d’Stad gebonne sinn: de Kollektiv “Luxembourg Comedy” organiséiert reegelméisseg Open Mics a Showcasen op englesch, franséisch a lëtzebuergesch an zwar uechter d’Land.
Fir eise Reportage hu mir mat dräi vun den Acteuren aus der Lëtzebuerger Comedy-Zeen geschwat an hir Prognose fir d’Zukunft ofgi gelooss.