Vum Valeria WiwiniusStéphane Halleux - "Home Sweet Home"

RTL Lëtzebuerg
De belsche Sculpteur stellt vum 22. Abrëll bis de 27. Mee zu Lëtzebuerg an der Galerie Schortgen aus.
© RTL Grafik

Dem Stéphane Halleux seng Karriär ass staark mam Grand-Duché verbonnen an huet hei am Minett ugefaangen. Wärend hien zu Saint-Luc Illustratioun studéiert huet, huet hien nämlech zu Esch bei enger Produktiounsboîte seng éischt Aarbecht als Koloriste ugeholl an u senger éischter Serie geschafft. De grousse Succès war dat effektiv net, ma dee sollt awer e puer Joer méi spéit nach nokommen. 2014 huet Lëtzebuerg säin éischten Oscar mam Film “Mr Hublot” an der Kategorie “Kuerzfilm” gewonnen, d’Figur vum Hublot war vum Stéphane Halleux kreéiert ginn.

Stéphane Halleux - "Home Sweet Home"
De belsche Sculpteur stellt vum 22. Abrëll bis de 27. Mee zu Lëtzebuerg an der Galerie Schortgen aus.

Zanterhier huet de gebiertege Belsch international grousse Succès gehat, huet 2015 beim Eiffeltuerm zu Paräis, 2022 am Atomium zu Bréissel an dat nämmlecht Joer och bei der Scope Art Show zu Miami ausgestallt. An awer huet Lëtzebuerg nach ëmmer eng speziell Plaz a sengem Häerz, esou de Stéphane. Dofir heescht seng rezentst Ausstellung dann och “Home Sweet Home”.

Revenir exposer ici, à Luxembourg, dans la Galerie Schortgen, là où je suis né (en tant qu’artiste), c’est un peu comme quand j’étais petit et que je rentrais à la maison, après avoir été jouer dans la neige, pour boire un bon chocola chaud devant un dessin animé...”, sou de Stéphane Halleux.

De Stéphane Halleux beim Venissage um Belval
Vernissage um Belval

D’Ausstellung ass den 22. Abrëll offiziell opgaangen a weist 18 rezent Skulpture vun ënnerschiddleche Gréissten an Thematiken. De Vernissage war awer schonn den 20. Abrëll um Belval.

“Home Sweet Home” ass fir mech een absolutte Coup de Coeur, net nëmme wéinst de wonnerschéinen Detailer an der Qualitéit vun den ausgestallte Wierker, mä och well de Kënschtler op eng nei a kreativ Aart a Weis aktuell Themen, ewéi artifiziell Intelligenz, opgräift, wat een als Visiteur nëmmen nach méi déif an dem Stéphane Halleux säi speziellen Universum tëschent retro a futuristesch andauche léisst.

Méi Informatiounen zu dëser Ausstellung an zum Stéphane Halleux ginn et hei.

Back to Top
CIM LOGO