
Wéi déi südkoreanesch Noriichtenagence Yonhap e Mëttwoch matgedeelt huet, soll seng Läich an engem Auto bei engem Park zu Seoul entdeckt gi sinn. Den Autoritéiten no soll sech den 48 Joer alen Acteur d’Liewe geholl hunn. Nach viru kuerzem hat d’Police géint de Lee Sun-kyun ermëttelt, dat wéinst presuméiertem Drogemëssbrauch. An dem Kontext gouf hie wéinst de Virwërf och vun diversen Tëleesprojeten ausgeschloss an huet Publicitéitsverträg verluer. D’Anti-Drogegesetzer a Südkorea gëllen als immens strikt.
De Lee Sun-kyun hannerléisst eng Fra an zwee Filssen. Duerch déi schwaarz Comedie “Parasite” vum Realisateur Bong Joon Ho aus dem Joer 2019, déi als éischten net-engleschsproochege Film jeemools den Oscar fir de beschte Film gewanne konnt, ass hien engem gréisseren, internationale Public bekannt ginn. Och d’Oscare fir de beschten internationale Film, bescht Regie a bescht Originaldréibuch konnt “Parasite” 2020 gewannen.