"Once Upon a Time in Hollywood"Tarantino zu Cannes um Filmfestival

RTL Lëtzebuerg
No laanger Ongewëssheet soll dem Quentin Tarantino säin neie Film de 14. Mee zu Cannes gewise ginn.
© AFP

De Film "Once Upon a Time in Hollywood" mam Brad Pitt, Leonardo DiCaprio a Margot Robbie wäert géint eng Rei aner grouss Filmer a Regisseuren um Filmfestival zu Cannes mussen untrieden. Ufangs huet et geheescht, dem Tarantino säi Film sollt net rechtzäiteg fäerdeg ginn, mee duerch dem Tarantino säin Asaz an no 4 Méint laanger Beaarbechtung konnt dëst awer erméiglecht ginn.

Den Direkter vum Festival, de Fremaux huet dem Tarantino säi Film als Ode un de Kino beschriwwen. E wier ee Libesbréif un dat Hollywood aus senger Kandheet an en Tour duerch d'Rockmusek vun 1969.

Viru 25 Joer hat den Tarantino schonn um Festival deelgeholl, an ass mam Palme-d'Or-Präis fir säi Film "Pulp Fiction" ausgezeechent ginn.

Back to Top
CIM LOGO