Kultur Last MinuteTemple, Let me die before I wake, Quick and Dirty

RTL Lëtzebuerg
Jugend-Projet am CAPE, Theater mat Lucilin am Kapuzinertheater, Konscht zu Bouneweg, Clownen zu Esch
© Bohumil Kostohryz

Kapuzinertheater: Let me die before I wake 1.-5.10.21

Am Kader vum Cycle “Mémoires et résilience” presentéiert de Kapuzinertheater déi éischt Kreatioun vun der Saison “Let me die before I wake”.

© Bohumil Kostohryz

D’Regisseurin Renelde Pierlot befaasst sech an dëser Produktioun zesumme mat dem Ensembel United Instruments of Lucilin mat de verschiddene Ritualer vu Bestattungen. De Kapuzinertheater, desakraliséiert Kierch, bitt eng perfekt Plaz fir dës Produktioun, déi op Musek, Text a Mouvement baséiert. Et ass gläichzäiteg d’Uropféierung vun enger Kompositioun vum Albena Petrovic.

© Bohumil Kostohryz

CAPE: TEMPLE – ART’N BE PART PROJECT 1. & 2.10.21

CAPE: TEMPLE – ART’N BE PART PROJECT 2021

De CAPE Ettelbréck fänkt seng Saison mat enger neier Initiativ un: 23 Jonker am Alter tëscht 12 an 20 aus de Schoulen an der Regioun hunn 2020 d’Méiglechkeet kritt d’Bünekonscht kennenzeléieren, auszeprobéieren an herno selwer Interpret vun hirem eegenen Stéck ze ginn. Ënnert der Regie vum Nathalie Moyen an an Zesummenaarbecht mat de pluridisziplinären Artisten Natercia Rebelo, Benoît Callens, Sacha Hanlet an Eric Vanpouille ass e participative Projet entstanen.

“Temple” erzielt d’Geschicht vu Jugendlechen op der Flucht, déi an engem verloossenen Tempel probéiere mussen, mateneen an ouni Hëllef vu baussen op onbestëmmten Zäit ze liewen.

CAPE
CAPE
© Bohumil Kostohryz

Nieft Schoulvirstellungen, gëtt den 1. an den 2. Oktober um 20 Auer am CAPE zu Ettelbréck gespillt.

“Temple” CAPE

Expo “Quick and Dirty” Bouneweg 1. - 3.10.21

Och fir déi drëtt Editioun vun Quick and Dirty invitéiert de Gilles Roth Fotografe fir hir Wierker fir ee Weekend (quick) an engem Haus auszestellen, dat net bewunnt ass (dirty).

D’Iddi ass et eng Plaz, déi e Minimum u Fraise generéiert, als alternativ Ausstellungsplaz unzebidde fir Wierker, déi nach ni gewise goufen. Et sinn dat fir d’Editioun 2021 Gilles Kayser, Marie Capesius, Suzan Noesen, Martine Pinnel, Krystyna Dul & Keven Erickson, Daniel Wagner, Laurianne Bixhain, Romain Girtgen & Misch Feinen.

D’Ausstellung Quick and Dirty 3, ass op 25, Rue du Cimetière zu Bouneweg. Samschdes a sonndes ass op tëscht 10 an 20 Auer.

Back to Top
CIM LOGO