CinéCentaureTheater um groussen Ecran

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vum 50. Gebuertsdag vum Théâtre du Centaure kann ee verschidde Produktiounen nach eng Kéier um Ecran gesinn.
Um Dënschdeg den Owend war déi grouss Feier fir de 50. Jubiläum
Frësch vun der Comédie Francaise zu Paräis hat dee jonke Lëtzebuerger Schauspiller Philippe Noesen 1973 den Théâtre du Centaure gegrënnt.

Vum 6. bis de 17. Dezember kann een am Théâtre du Centaure nach eng Kéier néng Kaptatioune vun Theaterstécker aus der Vergaangenheet kucke goen. D’Iddi ass entstanen am Kader vum 50. Gebuertsdag vum klengen Theater an der Stad. Zënter den Ufäng sinn hei vill verschidde Klassiker nei inzenéiert ginn, genau sou wéi et eege Kreatioune gouf. Mat nëmme 50 Sëtzplazen ass de Publikum ganz no un der Bün an erlieft esou Theater hautno.

D’Ciné-Owender gi vun de Regisseure vun den Theaterstécker oder vu Memberen vum Theater animéiert.

D’Lëscht vun den Theaterstécker, di um Ecran gewise ginn:

6. Dezember:

“Cassé” vum Rémi De Vos (Mise en scène - Myriam Muller)

D'Theaterstéck "Cassé" am Théâtre du Centaure
“Cassé” vum Rémi de Vos erzielt vu Stress, Drock a Mobbing an der Aarbechtswelt, vu Chômage, Delocalisatioun a Suicide, awer op eng geckeg Manéier.

7. Dezember:

“Moi, je suis Rosa!” vum Nathalie Ronvaux (Mise en scène - Aude-Laurence Biver)

Theaterstéck "Moi, je suis Rosa"
2001 hat d’Skulptur – eng schwanger Versioun vun der Gëlle Fra - vun der kroatescher Kënschtlerin Sanja Iveković jo immens Wellen hei am Land geschloen.

8. Dezember:

“À la recherche des temps modernes” vum Jacques Schiltz an Claire Wagener

E Spill mat Aktualitéit
„A la recherche des temps modernes“ am Theatre du centaure an am CAPE.

9. Dezember:

“Illusions” vum Ivan Viripaev (Mise en scène - Sophie Langevin)

10. Dezember:

“Mesure pour Mesure” vum William Shakespeare (Mise en scène - Myriam Muller)

Theaterstéck "Measure for Measure" zu Mamer
D’Myriam Muller inzeenéiert am Kinneksbond eent vun de manner bekannte Stécker vum Shakespeare.

13. Dezember:

“Truckstop” vum Lot Vekemans (Mise en scène - Daliah Kentges)

15. Dezember:

“Erop” vum Romain Butti (Mise en scène - Fábio Godinho)

Theaterstéck "Erop" am Kapuzinertheater
2020 gouf d’Initiative lancéiert, Commanden u Lëtzebuerger Auteuren ze maachen.

16. Dezember:

“Performance” vum Guy Helminger (Mise en scène - Anne Simon)

17. Dezember:

“Les Justes” vum Albert Camus (Mise en scène - Marja-Leena Junker)

Les Justes am Centaure
.

Back to Top
CIM LOGO