
Den Tommy Schlesser huet de Lindström-Film knapp ofgedréint, scho steet den nächste grousse Projet fir de Lëtzebuerger um Programm. Den 23. Oktober flitt den Acteur a Marokko, fir um Set vum "Traumschiff" matzewierken. Bis Dezember wäerten d'Aarbechte fir hien daueren.
Zu senger Roll dierf den Tommy Schlesser net vill soen. Just esou vill: Hie wäert och zesumme mam neie Kapitän vum Schëff, dem Florian Silbereisen, virun der Kamera stoen.
Wéini de Film gewise gëtt, ass nach net sécher.