
Tourmaline, dat ass den Numm vun der afro-amerikanescher Autorin, Filmemaacherin a queerer Aktivistin, déi hir rezent Installatioun “TourmalinePleasure & Polinator” am Mudam presentéiert. E Wierk, dat dëst Joer mam Prix Baloise dotéiert gouf.
Mam But en Dialog, an doduerch e bessert Verständnis tëscht Queeren an net-Queere Milieuen ze schafen, inzenéiert sech d’Tourmaline als Figur déi, ewéi eng Bei, hir Kultur duerch déi Urban Landschaft verstreet.