HäerzproblemerTournée vu Rolling Stones annuléiert - Mick Jagger muss operéiert ginn

RTL Lëtzebuerg
De Frontmann vun de Stones muss um Häerz operéiert ginn, eng Häerzklapp soll ersat ginn. Dofir gëtt d'Amerika-Tour annuléiert.

E Samschdeg schonn an d'Band annoncéiert, dass d'Amerika-Tour, déi tëscht Abrëll a Juni sollt sinn, misst verréckelt ginn. Als Grond war eng medezinesch Behandlung vum 75 Joer ale Mick Jagger genannt ginn.

Dem Magasinn "Rolling Stone" no, gëtt den Jagger wéi gesot um Häerz operéiert. Déi Informatioun bestätegt déi vum Site "Drudge Report", déi präziséieren, dass en e Freideg zu New York operéiert géif ginn.

Den Optakt vun der Tour sollt den 20. Abrëll zu Miami sinn. Duerch déi Operatioun ass dat awer net méiglech.

Back to Top
CIM LOGO