10. September 2022Tréier invitéiert op déi 15. Muséesnuecht

RTL Lëtzebuerg
Fënnef Muséeë bidden en ofwiesslungsräiche Programm mat temporären Ausstellungen, Dauerausstellungen, musikaleschen a kulinareschen Offeren un.
© RLMT

E Samschdeg, den 10. September maache fënnef Muséeën uechter d’Stad hir Diere vun 18 bis 24 Auer fir de Public op. An do waart e ganz villsäitege Programm op d’Visiteuren.

Am Museum am Dom ass d’Ausstellung „Im Zeichen des Kreuzes - Eine Welt ordnet sich neu” ze gesinn. Wie seng Latäin-Kenntnisser op d’Prouf stelle wëll, dierf d’Féierung „Delirant isti Romani!” kengesfalls verpassen. En aneren Highlight ass eng Wäiprouf vun den “Bischöflichen Weingüter”. Ma och Kanner kommen net ze kuerz. Op si waart e Rallye duerch d’Ausstellung mat engem Basteleck an dem gréisste Puzzle vun der Welt.

D’Réimescht Räich ass Thema am Stadtmuseum Simeonstift Trier mat der Ausstellung „Das Erbe Roms. Visionen und Mythen in der Kunst“. Passend zu der Thematik ass um 18.30 Auer d’Première vun der Theaterproduktioun „Das geheimnisvolle Vermächtnis - Spurensuche im Alten Rom”. Wie méi iwwert d’Geschicht vun der Stad Tréier wëll gewuer ginn, kann dat mat de sougenannten “Mundart-Führungen” maachen. Eng Mouddesignerin bitt iwwerdeems en Abléck an d’Moud aus de leschten dräi Joerhonnerten. Kanner a Jugendlecher kënne bei Comic-Workshoppen oder theaterpedagogesche Workshoppe matmaachen.

Am Museum Karl-Marx-Haus ginn d’Visiteuren duerch d’Weimarer Zäit geféiert mat der Wanderausstellung „Die Weimarer Republik. Deutschlands erste Demokratie”. Begleet gëtt d’Event vun der Kölner Band Gramophonics. De jonke Public kënnt bei der Mol-Aktioun „Marx Marx’s bunt” op seng Käschten.

Vill Ofwiesslung ronderëm d’Landesausstellung „Der Untergang des Römischen Reiches” gëtt et am Rheinischen Landesmuseum Trier. Déi thematesch Féierunge gi vu spannenden Ablécker an déi spéit Antick bis hin zum Ënnergang vum Réimesche Räich. Konscht- an Design-Fans dierft „Aus Sicht des Handwerks. Was ist geblieben, damals und heute?” gefalen a Kanner a Famillje kënnen an engem Workshop Diademer bastelen. Ausserdeem kënne si d’Ausstellung am Kader vun engem Quiz entdecken. Nieft musikaleschen Optrëtter ass och e bonte Liichter-Spektakel virgesinn.

An der Schatzkammer der Wissenschaftlichen Bibliothek der Stadt Trier gi wäertvoll Handschrëften a fréi gedréckte Schrëfte presentéiert. Héichpunkte sinn hei eng Reproduktioun aus dem berüümten „Hortus deliciarum” souwéi d’Original vun der „Gemma Constantiniana”. D’Miniatur-Ausgab vun der Stroossbuerger Handschrëft gëtt eng éischte Kéier ausserhalb vu Frankräich gewisen. Jonk an Al kënne bei enger Féierung um 18 Auer gewuer ginn, wéi een Afloss d’Réimer op d’Bildung am Mëttelalter haten, ma och op eis haiteg Schoulausbildung. Eng kleng Zäitrees waart op d’Visiteuren am Workshop „Kalligrafie – Die Kunst des schönen Schreibens”, wou mat Tënt, Fiederen an ale Schrëften experimentéiert gëtt.

De Kombi-Ticket fir d'15. Nuit des musées zu Tréier kascht iwwerdeems 8 Euro. Fir Kanner ënner 12 Joer ass den Entrée gratis.

De komplette Programm fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO