
Wéi et heescht wier déi 28,5 Zentimeter grouss Statu vum berühmten egyptesche Kinnek un een onbekannte Keefer gaangen.
Des Stee vu Christie's hat fir hefteg Reaktiounen zu Kairo gesuergt. Do geet een dovun aus, dass d'Büst aus Ägypten geklaut gouf. Eng Dose Leit hu virum Auktiounshaus zu London demonstréiert. Si hu gefuerdert, dass den Handel mat geschmuggelten Antiquitéiten misst gestoppt ginn.
Déi zoustänneg ägyptesch Autoritéite wëlle sech d'nächst Woch mat dëser Affär befaassen. Et géif een all néideg Mesuren an d'Wee leeden fir des antik Objeten zeréck ze kréien, déi illegal aus dem Land bruecht goufen. Christie's selwer huet sech erstaunt gewisen iwwert des Reaktiounen. Ägypten hätt sech bis dato ni iwwert d'Büst aus enger privater Sammlung geäussert, déi zanter ville Jore bekannt an ëffentlech ausgestallt wier.