
20 Deeg huet hien zu Mariupol verbruecht. 20 Deeg, déi him wéi een eenzegen Dag virkomm sinn, deen “ëmmer méi schlëmm gouf”, sot hie beim Internationale Festival vum Fotojournalismus an der franséischer Stad Perpignan. De Fotojournalist, dee fir d’Agence “Associated Press” schafft, ass den 23. Februar zesumme mat engem Aarbechtskolleeg als ee vun den éischte Reporter op Mariupol gereest. Eng Stonn, éier déi russesch Bommen op d’Stad am Süde vum Land gefall sinn. Hie war de 15. Mäerz eng vun de leschte Persounen, déi d’Stad verlooss hunn. Zu deem Zäitpunkt war net méi vill vu Mariupol iwwreg, déi meescht Gebaier goufen duerch d’russesch Bombardementer zerstéiert.
Dem Maloletka seng Biller weisen d’Ausmooss vum Krich an der Ukrain: Kanner, déi wärend der Belagerung ëmbruecht goufen, héichschwanger Fraen, déi tëscht den Iwwerreschter vun zerbommte Gebaier um Buedem leien, improviséiert Massegriewer...
Ee vun den dominantsten Theeme beim Festival zu Perpignan war dëst Joer de Krich an der Ukrain. Dat renomméiert Event leeft nach bis den 11. September.