Zanterhier ass den Theater net just fir seng modern Stécker, ma och fir seng nei Interpretatiounen vu grousse Klassiker bekannt a beléift.
1985 hat den Théâtre du Centaure säin Doheem an deem verwëllefte Keller vum Haiserkomplex “Am Dierfgen” fonnt. Um Dënschdeg Owend gouf an der Banannefabrik, wou d‘ASBL hiren administrative Sëtz an och Proufsäll huet, dat 50 Joer laangt Bestoe gefeiert. Ee groussen a wichtege Moment och fir d‘Myriam Müller, déi am Alter vu 17 Joer als Schauspillerin Member vun der ASBL gouf an zanter 2015 als artistesch Direktesch a Regisseurin déi verschiddenst Geschichten op d’Bün vum Théâtre du Centaure bréngt.
E Fotoprojet vum Bohumil Kostohryz, deen am Théâtre du Centaure a vum Januar un och an der Banannefabrik ze gesinn ass, weist an éiert all déi Leit, déi den Theater an deene vergaangene Joerzéngte gepräägt an zu deem gemaach hunn, wat en haut ass. Iwwerhaapt steet d‘Saison 23/24 am Théâtre du Centaure ganz am Zeeche vum 50. Jubiläum. Nieft deem ronne Gebuertsdag gouf och d‘Première vum Stéck “Le Chant du Cygne"vum Anton Tchekhov gefeiert.
Donieft kann een dann am Dezember am Kader vum Festival CinéCentaure ganzer 9 Captatioune vu vergaangenen Theaterproduktioune gesinn. Dat natierlech an deem atmosphäresche Keller an der Groussgaass.
Och eng speziell Publikatioun vum Kënschtler Marco Godinho erlaabt ee retrospektive Bléck op d‘Geschicht vum Théâtre du Centaure.
De ganze Programm fënnt een op www.theatrecentaure.lu