D'Saison 2026/27 ass lancéiertUm Theaterfest goufen déi nei Programmer virgestallt

Isabelle Gillen
All Joer gëtt Mëtt September mam Theaterfest déi nei Saison offiziell lancéiert.
D'Theatersaison 2026/27 ass lancéiert
All Joer gëtt Mëtt September mam Theaterfest déi nei Saison offiziell lancéiert.

E Freideg hate sech nees grouss a kleng Theateren, Ensembelen an aner kulturell Institutiounen aus dem Land op der Plëss am Kader vum Theaterfest versammelt, fir op hir Programmer opmierksam ze maachen a nei Leit an hir Haiser ze zéien.

De Lëtzebuerger Spektakel ass divers. Dat huet d'Theaterfest e Freideg nees bewisen. D'Programmer sti fest, d'Artisten an Artistinne si prett fir opzetrieden an elo läit et just nach un de Leit dobaussen, fir sech ze informéieren an ze decidéieren, an déi eng oder aner Virstellung kucken ze goen. Wéi de President vun der Theaterfederatioun Sascha Dahm betount, géif genuch ugebuede ginn an et kéint eigentlech kee behaapten, en hätt näischt am Programm fonnt.

"Wann een zu Lëtzebuerg näischt fënnt fir een, dann huet een d'Programmer net gutt genuch gekuckt."
Sascha Dahm

An den eenzele Programmatioune géif ee mierken, dass ëmmer méi Kanner- a Jugendtheater, ma awer och vill Danz a Produktiounen op Lëtzebuergesch ugebuede ginn. Um Theaterfest ass och opgefall, wéi staark sech d'Theateren un der Aktualitéit orientéieren. Et gi vill Produktioune ronderëm d'Theema Krich. Den TNL zum Beispill huet sech dëst Joer "Courage" als Stéchwuert gesat a weist eng Rei Theaterstécker, déi sech ganz konkret mam Krich auserneesetzen.

Am Kasemattentheater ass et änlech. D'Zitat "Vom Pessimismus der Intelligenz zum Optimismus der Tat" vum Italieenesche Schrëftsteller a Philosoph Antonio Gramsci, ass hei de Motto vun der Saison, fir ze weisen, dass een och an depriméierenden Zäiten soll aktiv bleiwen.

Donieft setzen Haiser, wéi de CAPE zu Ettelbréck zum Beispill, op Inclusioun a méi jonk Institutioune, wéi den ArcA zu Bartreng, a versiche mat hiren éischten eegene Produktiounen iwwerhaapt emol an der Kulturzeen Fouss ze faassen.

"Ech wënsche mer fir den Theater zu Lëtzebuerg, dass e nach méi iwwerall ukënnt. Mir mussen alleguer zesummen doru schaffen, dass mer an all Eck era kommen an all Public erreechen."
Sascha Dahm

Déi komplett Programmer vun all den Theateren, Ensembelen an Institutioune fir d'Saison 2026/27, fënnt een natierlech och bei deenen eenzele Gruppen um Internet oder an hire Programmhefter. Weider Informatioune ginn et um Internetsite vun der Theaterfederatioun.

Back to Top
CIM LOGO