Liss Scholtes"Und jetzt: die Welt!" am TNL

Sandy Elsen
Déi däitsch Schrëftstellerin Sibylle Berg ass bekannt fir hire grotesken Humor an hir bësseg Gesellschaftsanalysen.
"Und jetzt: die Welt!" am TNL
Déi däitsch Schrëftstellerin Sibylle Berg ass bekannt fir hire grotesken Humor an hir bësseg Gesellschaftsanalysen.

An hirem Theatertext “Und jetzt: déi Welt!” portraitéiert si Fraen ugangs 20. déi am alldeegleche Kampf géint d‘Ufuerderunge vun der haiteger Gesellschaft hin an hier schwanken tëscht Selbstsécherheet an Desillusionéierung. D‘Regisseurin Liss Scholtes huet dëst Stéck adaptéiert a fir den TNL nei inzenéiert.

Si si gutt ausgebilt, ma liewen a prekäre Verhältnisser, hänke permanent an Chatten oder op Bloggen, ma fille sech eleng. Fréier ware se Membere vun enger brutaler Gang, haut maache se friddlech Yoga. Rieds ass vu Fraen, déi an hiren 20er, respektiv 40er Joren eng Bilanz vun hirem Liewen zéien – dat un engem verreenten Owend an der Wunneng vun der Haaptprotagonistin.

D‘Sibylle Berg huet den Text fir eng Protagonistin a méi Stëmme geschriwwen. Am Liss Scholtes senger Inzenéierung gëtt dës Protagonistin vum Rosalie Maes an dem Lisa Marie Janke verkierpert.

D‘Stéck beschäftegt sech domadder, wat et heescht als jonke Mënsch an der haiteger Gesellschaft ze existéieren. Ugeschnidde ginn déi verschiddenst Themen, déi eis all eppes uginn, vun der Léift iwwer de Leeschtungsdrock bis hin zur Klimakris. “Und jetzt: die Welt!” ass an allen Hisiichten e Stéck mat ville Facetten.

D‘Première de 7. November ass schonn ausverkaaft, ma gespillt gëtt nach bis den 18. November.

Back to Top
CIM LOGO