Bont, villfälteg an iwwerraschend, genau sou geet et zanter Mee am fréieren Eisewierk Völklinger Hütte zou. D’Urban Art Biennale 2026 vereent méi wéi 50 Kënschtler a Kënschtlerinnen aus ganzer 17 Länner a vun dräi Kontinenter. All eenzele vun hinnen huet seng ganz eege Positioun an d’Kuliss vun deem haitegen UNESCO Weltkulturierwe bruecht.
Déi vill Artisten hu sech intensiv mat dem besonneschen Denkmal, senger Geschicht a sengem Wäert auserneegesat. Si hunn déi raimlech Strukture vun ënnert anerem der Erz- an der Möllerhalle ganz nei interpretéiert a sou och ganz nei Siichtweise fir d’Visiteure kreéiert.
Raue Charme trëfft op filigran Stoffer a raumgräifend Installatiounen.
Sou entfaalt sech d’Aarbecht "Harmony" vun där Warschauer Kënschtlerin NeSpoon als Spannenetzaartegt Geflecht aus geheekelten Deckercher, wärend deen hollännesche Kënschtler Boris Tellegen seng monumental Holzskulptur “One Beam” am Raum schwiewe léisst.
Eng Aarbecht, déi de Visiteur wuertwiertlech integréiert, ass "Huettecouture" vun zwee Berliner Kënschtler. Si hu Kleeder designt, déi faarflech zu den Uewerfläche vum Eisewierk passen a mat deenen een als Visiteur reegelrecht mat der Völklinger Hütte verschmëlze kann.
Dass d’Urban Art Biennale eng wierklech grouss Bandbreet huet, dat ass dem Curateur Frank Krämer ganz besonnesch wichteg.
En Deel vun dësem risege Gesamtkonschtwierk kann een am sougenannte "Paradies" entdecken. Wou fréier Kuel an de Brennstoff Koks verwandelt gouf, regéieren haut nees Flora a Fauna. Am Kader vun der Biennale sinn tëscht Bierken, Neelchesbeem, Hecken an esouguer Beiestäck, déi ënnerschiddlechst kënschtleresch Kreatiounen entstanen.
D’Urban Art huet wierklech esou gutt ewéi all Wénkel vun der Völklinger Hütte erobert.
Nach bis de 15. November kann een d’Urban Art Biennale um Site vun der Völklinger Hütte an hirer ganzer Villfalt entdecken.
Wieder Informatiounen fannt Dir hei.