
Dem Harry Belafonte sengem Spriecher no wier hien un enger Häerzkrankheet gestuerwen.
Den Harry Belafonte war eng wichteg Figur an der schwaarzer Musekszeen. An de 50er Jore war hien ee vun deenen éischte schwaarze Stars, deen et trotz wäit verbreetem Rassismus un d’Spëtzt vun den Charts gepackt huet. Mat sengem ganz besonnesche Stil huet hien deemools den Trend vun der Karibescher Musek ausgeléist.
Den Harry Belafonte war de Fils vun enger jamaikanescher Mamm an huet als Kand och eng Zäit laang do gelieft. Nieft senger Aktivitéit als Biergerrechtsaktivist huet hie sech och an der Lutte géint d’Aarmut engagéiert.