
Dat huet säi Jong Nicholas en Dënschdeg matgedeelt. Säi Papp wier bei sech doheem zu Wilton am US-Bundesstaat Connecticut verscheet.
De Grodin ass 1935 zu Pittsburgh op d’Welt komm a war am Ufank um Broadway aktiv, ier e méi kleng Rollen a Kinosfilmer krut, zum Beispill am Roman Polanski sengem Horrorklassiker “Rosemary’s Baby”. Un der Säit vum Robert de Niro war den Charles Grodin och an der Komedie “Midnight Run” ze gesinn. Ma virun allem ass hien de Leit 1992 als Papp an der Familljekomedie “Ein Hund namens Beethoven” am Kapp hänke bliwwen.