"Der Pate"-StarUS-Schauspiller James Caan am Alter vun 82 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Als Sonny Corleone an "Der Pate" gouf hie weltbekannt, dono stoung den James Caan fir sëllegen Hollywood-Filmer virun der Kamera.
© AFP/Archives/Gabriel BOUYS

Hollywood trauert ëm den US-Schauspiller James Caan. Wéi seng Famill a säi Manager matdeelen, ass hien am Alter vun 82 Joer gestuerwen. “Mat grousser Trauer” géinge si den Doud vum “Jimmy” matdeelen, huet d’Famill um Twitter-Profil vum Schauspiller geschriwwen. D’Doudesursaach ass bis ewell net bekannt. An dëser “schwiereger Zäit” hunn d’Familljememberen ëm de Respekt vun hirer Privatsphär gebieden.

Sëllege Film-Schaffend traueren ëm de Verstuerwenen. Vu Regisseure gëtt hien als talentéierten an instinktive Schauspiller beschriwwen. Mat der Roll vum Mafioso Santino “Sonny” Corleone an “Der Pate” ass de Caan an den 1970er berüümt ginn an 1973 dofir als beschten Niewenduersteller nominéiert. Mam Horror-Film “Misery” koum hien an den 1990er Joren erëm grouss raus.

Den James Caan war an enger jiddescher Famill an der New Yorker Bronx opgewuess. De fënneffache Papp war véier Mol bestuet.

Back to Top
CIM LOGO