
En Trëppeltour an a ronderëm Veianen bitt um Päischtweekend d’Méiglechkeet Konscht, Gastronomie a Musek mateneen ze verbannen. Nodeems d’läscht Joer d’Editioun huet missen ofgesot ginn, ass d’Offer dëst Joer erweidert ginn. De KonschTour geet net just duerch Veianen bis op Ruet op der Our, ma och iwwer Biwels a Stolzebuerg. Di gesamt Streck ass 35 km laang an kann entweder mam Bus, Vëlo oder souguer ze Fouss gemaach ginn. Do dobäi kommen musikalesch Interventiounen fir d’Ambiance vum Konschtfestival ze ënnersträichen. Wierker vun 47 Kënschtler vu Lëtzebuerg an der Groussregioun ginn op am ganzen 25 verschidde Plazen gewisen. Start an Info-Point ass an der “Veiner Konstgalerie”. Organiséiert gëtt de KonschTour 2021 vun der a.s.b.l. ViArt di hiren Sëtz och zu Veianen huet.

D’Ausstellungen sinn vun 10:00 - 19:00 Auer op an méi Informatiounen fënnt een um Site.
An der Kulturfabrik zu Esch steet de Weekend alles am Zeechen vum Kino. Am groussen Sall vun der Kulturfabrik, ginn 4 verschidde Filmer gewisen, mat staarken weiblechen Rollen. Di amerikanesch Filmer decken breetgefächert Genren of: vum Road Movie, Western bis hin zum Cinéma d’Auteur. Ma awer och verschidden Epochen ginn domat gewisen, vun de 1950er bis d'1990er Joren.

Déi 4 Filmer déi um Programm stinn:
Samschdes 22. Mee - 18:00 Auer: Johnny Guitar
Samschdes 22. Mee - 20:15 Auer: Thelma & Louise
Sonndes 23. Mee - 17:00 Auer: 3 Women
Sonndes 23. Mee - 19:30 Auer: Jackie Brown
Am TNL gëtt de Samschden den Owend fir di leschte Kéier d’Theaterstéck “Die Reise.Ein Trip” gespillt. En Theaterstéck dat um däitschen Auteur an Editeur Bernward Vesper sengem Romanessay “Die Reise” baséiert. En Text deen, enner anerem, en 24-Stonnen LSD Trip detailléiert beschreift. Et ass wuel ee vun de radikaalsten Texte aus dem 20. Joerhonnert. 1969 huet de Berward Vesper ugefaangen um Roman ze schreiwen, e Roman deen hien ni fäerdeg geschriwwen huet. Am autobiographeschen Text thematiséiert a reflektéiert den Auteur seng Bezéiung zu sengem Papp, seng eegen radikal politesch Iwwerzeegungen an seng Erfarung mat Drogen. Haut gëllt den Text als e bedeitend Zäitdokument vun der 68er- Generatioun.
Am TNL weist sech d’Inzenéierung als eng multimedial Büneperformance.