13. EditiounVideo-Concours "Crème Fraîche" nees lancéiert

RTL Lëtzebuerg
De Service Nationale de La Jeunesse (SNJ) an de Centre National de l'Audiovisuel (CNA) lancéieren déi 13. Editioun vum Video-Concours "Crème Fraîche".
© SNJ, Menje

Am Kader vum Luxembourg City Film Festival bitt dëse Concours jonken, kreative Käpp tëscht 12 an 30 Joer d’Méiglechkeet, fir hiert Talent an dësem Beräich ënner Beweis ze stellen.

De Concours ass an dräi Kategorien opgedeelt:

  • Déi éischt heescht “90 Sekonnen Held”. Hei geet et drëms e Clip vun 90 Sekonnen iwwert en Held ze realiséieren. Eng Selektioun vun all de Videoen gëtt dem Public wärend dem Event den 2. Mäerz 2024 am Kinepolis um Kierchbierg gewisen. Hei kënnen d’Leit dann och déi dräi Gewënner bestëmmen.
  • An der Kategorie “De Superzenario” muss ee sech en Zenario ausdenken, an deem et ëm eng Superkraaft geet. Déi bescht Iddi gëtt an Zesummenaarbecht mam SNJ verfilmt. Dës Kategorie adresséiert sech u Jugendlecher a jonk Erwuessener, déi hir éischt Erfarungen am Beräich vun deem schrëftlechen Deel vun engem Zenario maache wëllen.
  • Déi drëtt a lescht Kategorie huet den Numm “Zenario +". Déi Jonk musse sech hei en Zenario fir e Court-Métrage tëscht 6 an 9 Minutten ausdenken. Am Joer 2024 gëtt dem Gewënner säin Zenario vum SNJ an CNA ënner professionelle Konditioune verfilmt. De fäerdege Produit gëtt duerno um Luxembourg City Film Festival 2025 presentéiert. Dës Kategorie ass op fir jonk Erwuessener, déi en Diplom am Beräich vum Kino hunn.

Alleguer d’Projete musse bis de 5. Februar 2024 agereecht ginn. Dat komplett Reglement fënnt een um Site vum SNJ.

D’Gewënner gi samschdes den 2. Mäerz 2024 um 14.30 Auer am Kinepolis Kierchbierg wärend dem “Crème Fraîche"-Event bekannt gemaach. Weider gëtt deen Dag dann och de Court-Métrage “Zodi”, Gewënner vum Concours “Zenario +" 2023, gewisen.

Back to Top
CIM LOGO