Kulturminister Eric Thill"Villes ass nach vage, mee no sou kuerzer Zäit am Amt ass dat och normal"

Claudia Kollwelter
Dat war e puer mol ze héieren, nodeems d'Kulturkommissioun an der Chamber de Regierungsprogramm presentéiert krut.

Den DP-Kulturminister Eric Thill ass jo net just nei am Amt, mee och an der nationaler Politik, dofir waren d’Deputéiert dann och net streng an hire Reaktiounen.

Hie wéilt an enger gewëssener Kontinuitéit schaffen an awer och nei Accenter sëtzen an den eegenen Style mat abréngen, huet den Kulturminister Eric Thill betount an huet puer Schwéierpunkten genannt: Et fänkt an der Schoul am jonken Alter un, mee et ass och eng Dezentraliséierung vun der Kultur an de verschidde Regiounen. An datt mer déi professionell mee och d’Fräizäitkënschtler bescht méiglechst ënnerstëtzen. Do ass iwwert déi lescht Jore gutt geschafft ginn mee et muss een de Point maachen.

De Minister bräicht sécherlech nach Zäit fir méi konkret Iddien duerzeleeën, huet den LSAP-Deputéierten Georges Engel betount, deen awer och eng gewësse Kontinuitéit erkennt:

De Minister weess och, datt e vun de Leit ofhängeg ass, déi am Ministère schaffen, déi sinn awer zum Deel déi nämmlecht bliwwen. Dofir, mengen ech, ass och eng grouss Kontinuitéit do. Et ass awer och schwéier, dem Sam Tanson an deem Dossier d’Waasser ze reechen, dat muss ee ganz éierlech soen.

Fir de Marc Baum vun déi Lénk ass positiv, datt de Kulturentwécklungsplang vum neien DP-Minister weidergefouert gëtt. Bedenklech fënnt hien allerdéngs, datt d’Patrimoinesgesetz iwwerschafft soll ginn:

Déi aktuell Opdeelung 50% vum Staat a 50% vu private Proprietäre soll an déi Richtung geännert ginn, datt 100% vum Staat soll iwwerholl ginn. Et gouf och e Montant genannt: 14 Milliounen Euro. Ech fannen dat awer bedenklech, datt Suen aus dem Kulturbudget geholl solle ginn, fir private Proprietären a grousse Promoteuren hei am Land nach emol Suen ze ginn.

Den Eric Thill huet dann och betount d’nächst Joer, wa Verschiddenes bis méi konkret gëtt, zréck an d’Kulturkommissioun ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO