D’Choreographin, déi selwer jorelaang an internationale Compagnië gedanzt huet an och 2017 de Lëtzebuerger Präis am Danze kritt huet, ass grad op Tournée duerch Europa mat hirem eegene Spektakel. Si steet also elo net méi selwer op der Bün, mee ass de kreative Kapp hannendrun.
RTL war zu Stroossbuerg dobäi an huet d’Kënschtlerin ee ganzen Dag laang Backstage begleet.