
D'Juegdsaison ass nees amgaangen. A wat fir vill Jeeër dobäi net feelen däerf, ass hir Béchs. Fir de Philippe Graff ass eng Schosswaff awer vill méi, wéi just en Instrument fir op d'Juegd ze goen.
De Philippe Graff huet 32 Joer a gehéiert zu deenen, déi hir Passioun zum Beruff gemaach hunn. Hie baut zu Lëtzebuerg, fir méi genau ze sinn zu Nidderfeelen, exklusiv Juegdwaffen, déi net nëmme funktionéiere sollen, mee och richteg Konschtwierker sinn.
Eng Béchs aus héichwäertegem Holz, Stol a mat filigrane Gravuren. Wat fir deen een einfach eng Schosswaff ass, ass fir de Philippe Graff d'Resultat vun honnerte Stonnen Aarbecht. An eng Kombinatioun aus Technik, Traditioun a Konscht. Zanter dësem Joer ass den 32 Järegen den neie Proprietär vun der "Armurerie Frauenberg". Hei ginn net nëmme Waffen verkaaft a fléckt, mee och ganz individuell Stécker hiergestallt.
"Fir mech ass et de Charakter vun der Waff, deen direkt an d'A stécht", erkläert de Béchsemaacher. "Et gesäit een einfach den Ënnerscheed, ob eppes wierklech mat Léift gemaach oder vun enger Maschinn hiergestallt gouf."
Datt de Philippe Graff eng Kéier Béchsemaacher géif ginn, huet sech schonn a senger Jugend ugedeit. Hien ass an enger Jeeërfamill opgewuess. De respektvollen a sécheren Ëmgang mat Schosswaffe war do eng Selbstverständlechkeet. Seng Begeeschterung fir d'Handwierk koum allerdéngs duerch en éischter ongewéinlechen Zoufall.
Als Jonken ass him seng Gittar op de Buedem gefall an dobäi ass den Hals ofgebrach. Säi Papp hat eng Iddi: "Komm, mir gi mol bei den Armurier. Wann deen e gebrachene Schaaft ka flécken, da kann hie vläicht och eng Gittar flécken."
An effektiv konnt de Béchsemaacher d'Instrument nees zesummebauen. Fir den deemools ongeféier 13 Joer ale Philippe en Aha-Moment. "Ech hu mer geduecht: Wow, wéi gäil ass dat! Dee ka wierklech mat sengen Hänn immens flott Saache maachen."
Aus där Faszinatioun gouf e Beruffswonsch. De Philippe ass an Éisträich gaangen, wou hien zu Ferlach eng Ausbildung vu véier Joer zum Béchsemaacher gemaach huet. Duerno koum nach de Meeschterbréif dobäi. Zanter 2021 schafft hien an der Armurerie Frauenberg, déi hien dëst Joer iwwerholl huet.
Wien eng individuell hiergestallte Béchs wëll, brauch Gedold. Mee och e gewëssene Budget. Eng handwierklech hiergestallte Schosswaff kascht beim Philippe Graff séier 10.000 bis 15.000 Euro oder méi.
"Et sinn einfach onfaassbar vill Stonnen, déi do dra stiechen. Déi ginn emol net all bezuelt, wann ech éierlech sinn."
Am Duerchschnëtt investéiert den Atelier ronn 300 Aarbechtsstonnen an esou e Projet. Dobäi kommen, jee no Motiv an Detailer, nach eng Kéier 100 bis 400 Stonne fir d'Gravure bei externe Spezialisten.
Ier iwwerhaapt geschafft gëtt, muss de Béchsemaacher säi Client kenneléieren. Wéi soll d'Waff ausgesinn? Fir wat gëtt se gebraucht? Wéi soll se an der Hand leien? All Detail gëtt ofgestëmmt.
D'Holz gëtt un d'Kierpermoosse vum Besëtzer ugepasst, d'Stolstécker gi verschafft an d'Uewerfläche veredelt. Op Wonsch kommen nach Gravuren dobäi. Dat kënne Juegdzeenen, Déieren oder ganz perséinlech Motiver sinn.
"Et ass de Sënn an Zweck dovunner, datt de Client herno wierklech verléift ass an dat Stéck, wat e sech maache léisst."
All Joers ginn e puer Dosen individualiséiert Béchsen iwwert d'Théik zu Nidderfeelen. Aktuell schafft den Atelier un engem besonnesch opwännege Projet, dee sech schonn iwwer zwee Joer zitt. Eng modern Waff, déi mat traditionelle Methode gebaut a klassesch gravéiert gëtt. En Unikat, op deem de Philippe besonnesch houfreg ass.
Computergesteiert Maschinne sicht een am Atelier ëmsoss. Hei gëtt nach klassesch mat der Hand geschafft. Dat ass net nëmmen eng Fro vun der Traditioun, mee och e bewosste Choix.
"Eise Beräich am Atelier baséiert nach ëmmer op ganz klasseschem Handwierk. Et ass wierklech alles à la main."
De Philippe schätzt, datt et zu Lëtzebuerg just nach tëscht 10 an 20 Leit ginn, déi dëse Beruff ausüben. Eng offiziell Statistik ass dat allerdéngs net.
De Problem läit senger Meenung no och un der gesellschaftlecher Unerkennung vum Handwierk. "D'Leit kréien e bëssen gesot: Kuck, datt s de eppes méchs, wou s de vill Sue verdéngs."
Dobäi géif d'Handwierk nach ëmmer jonk Leit begeeschteren. Besonnesch am Ausland géif et weider Interessi un der Ausbildung ginn.
Datt Schosswaffen an der Gesellschaft dacks skeptesch betruecht ginn, ass dem Philippe bewosst. Hie betount awer, datt säi Beruff strenge gesetzleche Reegelen ënnerläit an de Verkaf vu Schosswaffen eng Autorisatioun vum Justizministère viraussetzt.
Nieft dem Geschäftsmann an Handwierker, bleift de Philippe Graff virun allem och e passionéierte Jeeër. An dat net onbedéngt wéinst dem Schéissen.
"An der Juegd faszinéiert mech déi Rou, déi ech do kréien. Ech ka mech wierklech ganz op dat Weesentlecht konzentréieren.“
Als Betribschef wier säin Alldag dacks hektesch. An der Natur kéint hien ofschalten. "Meng Fra ass frou, wann ech op der Juegd war, well ech besser gelaunt heemkommen."
Eng weider wichteg Roll spillt fir hien d'Fleeschgewënnung. Hie wëll wëssen, wou säi Fleesch hierkënnt a selwer Responsabilitéit dofir iwwerhuelen. "Haut ass Fleesch fir vill Leit einfach nëmmen nach eng Wuer, déi an enger Verpackung am Supermarché läit."
Dëst Joer ass de Philippe Graff Papp ginn. Sengem Bouf wëll hien déi Wäerter enges Daags weiderginn. De Respekt virun der Natur, virum Déier an och virum Handwierk. Fir de Philippe Graff ass et eng Passioun, bei där et net nëmmen ëm Waffen, mee virun allem ëm Mënschen, d'Handwierk an d'Traditioun geet.