
Mir schreiwen de 14. Oktober 1973. Eng nach gréisstendeels onbekannten englesch Band mam Numm “Queen” spillt am Blow Up um Lampertsbierg virun engem klenge Publikum.
D’Diskothéik existéiert haut net méi. An de Mauere vum deemolege Blow Up ass haut een italieenesche Restaurant an eng nei Diskothéik. An awer ass den Owend fir vill Leit och haut nach “onvergiesslech”.
E puer Méint no hirem Optrëtt am klenge Lëtzebuerg huet d’Band mat hirer Single “Seven Seas of Rhye” am Februar 1974 hiren éischten internationalen Hit gelant. Domat huet der Gruppéierung ronderëm de charismatesche Frontmann Freddie Mercury hire rasanten Opstig zu internationaler Berüümtheet ugefaangen.

Mir haten zum 50. Joresdag vum Queen-Concert um Lampertsbierg en Opruff gemaach, fir erauszefannen, wéi eng Promien Dir gesinn oder souguer kennegeléiert hutt, ier se hiren internationalen Duerchbroch haten. Wat dobäi erauskoum, gitt Dir hei gewuer.
D’Madamm Serafini vun Diddeleng huet eis geschriwwen an eis erzielt, datt si deen Owend am Oktober 73' am Blow Up derbäi war. Mat wiem si do un der Bar geschnësst huet, war hir deen Ament awer nach guer net kloer.
Trotzdeem ass d’Erënnerung un den Owend och 50 Joer méi spéit nach gestache schaarf: “Ech stoung beim Dédé, wéi de Freddie bei d’Théik koum. Laang Hoer, Talon-Boots, schwaarz Lieder-Leggins, en T-Shirt, dee just d’Broscht bedeckt huet, a gefierften Neel. ‘Do you want a Coke?’ Dunn ass hien op d’Bün geruff ginn. ‘Don’t move, I’ll be back.’”
E puer Minutte méi spéit wier d’Stëmmung am Blow Up quasi explodéiert. “Onvergiesslech!”, resuméiert d’Madamm Serafini den Owend.

Mir sprangen an der Zäit, méi genee an déi spéit 90er Joren. Eurodance war d’Musek vum Joerzéngt an de Schwäizer Museker DJ Bobo war ee vun de gréisste Staren am Genre. Wou hien 1996/1997 am Kader vu senger “World in Motion"-Tour ënnerwee war, hat hien och e puer amerikanesch Nowuesstalenter derbäi.
Esou koum et, datt den deemools eréischt 15 Joer jonken Justin Timberlake mat senger frësch gegrënnter Boyband NSYNC zu Uewerkuer opgetrueden ass, als Virband vum DJ Bobo. D’Madamm Putz vun Déifferdeng erënnert sech:“Et wossten deemools vill Leit net, wien déi Virgrupp war.”
D’Madamm Welter vu Rolleng huet den Ed Sheeran am Atelier gesinn, wou hie grad amgaange war, grouss eraus ze kommen. De Concert war den 29. August 2012 - den 21 Joer jonken englesche Museker hat just e puer Woche virdrun säin éischten Optrëtt virun engem Milliounepublikum, wou hie mat Pink Floyd zesumme bei der Ofschlosszeremonie vun den Olympesche Summerspiller zu London opgetrueden ass.
Trotz der vergläichsweis klenger Bün vum Atelier huet de jonke Museker a Songwriter et sech net huele gelooss, Mëttes virum Concert Fotoe mat senge Fans ze maachen an Autogrammer ze ënnerschreiwen. “Mäin [Autogramm] hänkt zënter deem an enger Rumm un der Mauer”, esou d’Madamm Welter an hirem Message.
Den Här Weber vu Schëffleng huet am Joer 1990 bei engem Hotelspool an der thailännescher Haaptstad Bangkok ee Mann mat Hallefglatz kennegeléiert, mat deem hie sech direkt super verstanen huet. Säin Numm: Bruce Willis...
Mam Schauspiller Bruce Willis, deen een zum Beispill aus der “Die Hard"-Filmrei kennt, hat de Mann awer häerzlech wéineg ze dinn. Den Australier huet dem Här Weber awer gezielt, hien hätt wéinst sengem Numm schonn eng Rei witzeg Verwiesslungen erlieft.

Mir bleiwen an den 90er Joren. Den Här Silva vun Holztem huet deemools den Jonathan David vun der Nu-Metal-Band Korn zu Klierf am Hall polyvalent gesinn. De Live-Optrëtt am Norde vum Land koum kuerz virun der Grupp hirem internationalen Duerchbroch, deen d’Metal-Welt op d’Kopp geheit huet.