
D'Sproochwëssenschaftlerin Judit Vari analyséiert am Kader vun hirer Dokteraarbecht dat däitscht Platt am Oste vun der Belsch an awer och d'Lëtzebuergescht am Éislek. Zil vun der Etüd ass et, de Stellewäert vun de belschen an Éisleker Dialekter festzestellen.
Dofir mussen d'Leit esou séier a präzis wéi méiglech Biller an Téin kategoriséieren. "Ech kucke mer un, wéi d'Mënschen indirekt fillen an denken iwwert den Dialekt an d'Sprooch" sou d'Doktorantin bei de Kollege vu BRF.
Wichteg an der Etüd ass, datt d'Leit et indirekt maachen, well een eben an dësem Fall vill méi schwiereg schwindele kann. Esou ka Si an der Etüd erausfannen, wat wierklech déif drastécht a wéi d'Leit zu der Sprooch oder dem Dialekt, am Fall vu Lëtzebuerg d'Lëtzebuerger Nationalsprooch an den Éisleker Dialekt, stinn. Well eben och dës verstoppte Gefiller d'Verhale vun eis all steieren an net just déi direkt Astellungen, déi eis och bewosst sinn.

Op Lëtzebuergesch: http://lux2.universitystudy.site
Op Däitsch: http://lux1.universitystudy.site
Matmaache ka jiddereen, dee Lëtzebuergesch aus Mammesprooch huet an iwwer 18 Joer al ass. De Fokus läit awer dobäi haaptsächlech op Leit, déi aus dem Éislek kommen.Awer opgepasst: D'Ëmfro funktionéiert an alle Browseren, ausser am Internet Explorer. Et muss een tëscht 10 a 15 Minutten arechnen, wann ee bei der Online-Etüd wëll matmaachen.
RTL.lu: Weider Informatiounen iwwert d'Judit Vari, hir Etüd an d'Bangor University