Zu Ettelbréck"Weinender Mond" feiert Première am CAPE

Sandy Elsen
"Weinender Mond" ass déi neist Produktioun vun der Kammerata Lëtzebuerg, déi e Mëttwoch den Owend beim Koproduzent, dem Ettelbrécker CAPE, Première feiert.
"Weinender Mond" feiert Première am CAPE
“Weinender Mond” ass déi neist Produktioun vun der Kammerata Lëtzebuerg, déi e Mëttwoch den Owend beim Koproduzent, dem Ettelbrécker CAPE, Première feiert.

Zesumme mat der Realisatrice Claire Wagener, dem Realisateur Jacques Schiltz an den Duersteller gouf ee Stéck kreéiert, dat engersäits eiser Gesellschaft de Spigel virhalen an anersäits en eenzegaartege Mix aus Theater a Musek schafe soll.

“Weinender Mond” ass keng Geschicht am klassesche Sënn. Vill méi ass dëst Stéck eng Collage vun Texter, déi vu Kafka, Pilnjak a Majakowski inspiréiert sinn a Museken. Virop déi zäitgenëssesch Musek vum Lëtzebuerger Komponist Claude Lenners spillt an dëser Produktioun eng wichteg Roll.

Vu Vollekslidder iwwer Popmusek bis hin zur zäitgenëssescher Musek, am Laf vum Owend erlieft de Public déi verschiddenst musikalesch Formen a Stëmmungen.

Spilleresch werft dës Produktioun allerhand Froen zum Thema Musek op a mécht spierbar, dass et weder an dëser Geschicht nach an der Musek reng ëm Entertainment geet.

E Mëttwoch an en Donneschdeg ass dëst Stéck am CAPE zu Ettelbréck ze gesinn. De 24. a 26. Mee gëtt “Weinender Mond” dann och am TNL an der Stad opgefouert.

Back to Top
CIM LOGO