Renomméierte Fernseepräis"Widow's Bay" an "The Pitt" hu bei den Emmys ofgeraumt

AFP, iwwersat vun RTL
Déi grouss Gewënner vun den Emmys sti fest – an eng skurril Horrorcomedie huet Geschicht geschriwwen.
Die Horror-Comedy-Serie "Widow's Bay" und das düstere Krankenhausdrama "The Pitt" sind die großen Gewinner bei den Emmys. "Widow's Bay" von Apple TV+ wurde bei der Verleihung der US-Fernsehpreise am Montagabend in 14 Kategorien ausgezeichnet.
D'Dramaserie "Widow's Bay", an där de Matthew Rhys matspillt, huet mat 14 Auszeechnungen en neie Rekord fir eng Comedie-Serie opgestallt.
© AFP

D'Horror-Comedie-Serie "Widow's Bay" an d'Spidolsdrama "The Pitt" sinn déi grouss Gewënner bei den Emmys. "Widow's Bay" vun Apple TV+ gouf bei der Präisiwwerreechung vun der US-Serie e Méindeg den Owend a 14 Kategorien ausgezeechent, ënnert anerem fir déi bescht Comedie-Serie an de beschten Haaptacteur. Bescht Dramaserie gouf wéi schonn zejoert "The Pitt", bescht Mini-Serie "DTF St. Louis".

Bei "Widow's Bay" geet et ëm eng isoléiert Insel an Neiengland mat hiren Awunner, déi un Awerglawen gleewen an engem exzentresche Buergermeeschter, gespillt vum Matthew Rhys. Mat 14 Auszeechnungen huet se en neie Rekord fir eng Comedie-Serie an engem eenzege Joer opgestallt.

"Widow's Bay" an "The Pitt" hu bei den Emmys ofgeraumt
Déi grouss Gewënner vun den Emmys sti fest – an eng skurril Horrorcomedie huet Geschicht geschriwwen.

Den Noah Wyle, vun "The Pitt", hat schonn zejoert en Emmy fir seng Roll als Chef-Dokter kritt. Dëst Joer gouf de Star, deen aus "Emergency Room" bekannt ass, op en Neits als beschten Haaptacteur an enger Dramaserie ausgezeechent. Hie wier a Los Angeles opgewuess, sot de Wyle a senger Ried a betount: "Ech sinn en Hollywood-Kand." Hie wier mat der Tëlee grouss ginn, d'Kinoe wieren en "Tempel" gewiescht. Iwwer seng Aarbecht sot hien: "Dat ass alles, wat ech jee maache wollt, an dat ass deen eenzege Club, deem ech jee bäitriede wollt. Merci, datt Dir mech opgeholl hutt."

"The Pitt" war mat 25 Nominéierungen an d'Course gaangen. D'Serie spillt an enger Urgence vun engem Spidol an der fréierer US-Stolhaaptstad Pittsburgh. Wéi déi vill gelueft Comedie-Serie "Hacks" gëtt "The Pitt" vun HBO Max produzéiert.

Déi fënneft Staffel vun "Hacks", déi mat 24 Nominéierungen an d'Course gaange war goung dogéint eidel aus. D'Haaptactrice Jean Smart huet awer ëmmerhin een Emmy fir hir Roll als Stand-Up-Komikerin gewonnen, déi probéiert, hir Karriär nees ze beliewen, an déi dobäi vun hirer dysfunktionaler Assistentin aus der Generatioun vun de Millennials ënnerstëtzt gëtt. Hacks war ënnert anerem als bescht Comedie nominéiert gewiescht.

Weider Auszeechnunge goungen un d'Rita Seehorn, déi an der Science-Fiction-Dramaserie "Pluribus" vun Apple TV+ gespillt huet an als bescht Haaptactrice an enger Dramaserie ausgezeechent gouf. D'Allison Janney gouf bescht Niewenactrice an enger Dramaserie fir "The Diplomat".

Den Owend goung mat enger nostalgescher Nout op en Enn. Dat mat Éierunge fir d’Dolly Parton an déi verstuerwe Stars wéi d’Catherine O’Hara an de Rob Reiner.

D'Emmys si fir d'Tëlee, wat d'Oscare fir de Kino sinn. D'Präisiwwerreechung gouf vun der Schauspillerin Mariska Hargitay moderéiert.

Back to Top
CIM LOGO