Luxembourg Song Contest 2027Wie ka sech am LSC ënner 80 Kandidaten duerchsetzen?

Lea Schwartz
Vun de Freidegmëtteg bis de Samschdegowend war déi éischt Etapp vun den Auditioune fir de Luxembourg Song Contest 2027.

80 Kandidaten hu sech präsentéiert an um Méindeg wäert ee gewuer ginn, wien et alles an déi nächst Ronn gepackt huet.

Franséisch, Portugisesch, Lëtzebuergesch, Italieenesch a vill Englesch Lidder si gesonge ginn. D'Auswiel war ganz divers. Woubäi dës Kéier de Fokus op den Artiste selwer loung. Dofir konnt ee sech och mat engem Cover-Lidd präsentéieren, och wa vill Kënschtler scho mat hiren eegene Lidder ugetruede sinn.

D'Jury huet sech op Gesang, artistescher Identitéit an Ausstralung op der Bün fokusséiert. Eréischt an enger zweeter Phas ginn d'Lidder erausgewielt. An enger leschter Phas ginn an enger Aart "Pairing Workshop" Lidder an Artisten zesummegefouert an ausgewielt.

D'Artisten, déi weider sinn, sinn agelueden, hir eege Lidder anzereechen. Lidder ginn nach bis den 29. Oktober ugeholl. Bis elo sinn eng 300 Lidder erakomm.

Um Méindeg wäerten d'Kandidate bekannt gemaach ginn, déi eng Ronn viru sinn.


Weider Sujeten zum Thema

Back to Top
CIM LOGO