Den Theaterprojet "Wien huet schonn eng normal Famill" zu Esch gräift d'Thema "Patchwork Family" op. Eng 33 Kanner am Alter tëschent 9 an 11 stinn net nëmme fir e Spektakel mat Musek an Theater op der Bühn. Der Regisseurin war et wichteg, si schonn an de Preparatiounen aktiv anzebannen.
E "Patchwork" ass och d’Ekipp, déi um Projet geschafft huet. Nieft dem Linda Bonvini, leed de Schauspiller Maximilien Jadin déi Jonk duerch d'Stéck. Den Dekor an d’Kostümer si vum Peggy Würth. E professionelle Kader, an deem d'Kanner awer am Virdergrond stinn.
E wichtegen Austausch, bei deem déi jonk Schauspiller léieren, virun engem Public ze spillen. Jidderee kennt och seng Aufgaben an denkt mat.
De Spektakel leeft de 29. Juni um 17 Auer am Escher Theater.