Fir den 100. GebuertsdagZwee Timbere fir de Loriot

RTL Lëtzebuerg
De gebiertege Brandenburger wier den 12. November 100 Joer al ginn. De Bundesfinanzministère éiert hie mat zwee besonneschen Timberen.

Mat sengem onvergläichlechem a schaarfsënnegem Humor huet de Loriot et gepackt, fir “verschidde Generatiounen zesummenzebréngen”, seet déi däitsch Parlamentaresch Staatssekretärin Katja Hessel. “Bis haut erfreeë mir eis u sengem Wierk an un de Spueren, déi hien an der däitscher Sprooch hannerlooss huet.”

Et wéilt een de Schauspiller, Humorist a Karikaturist an Éieren halen. Zanter en Donneschdeg sinn d’Timberen am Handel ze kafen.

Back to Top
CIM LOGO