De Moler Pit Riewer

Pit Riewer
PodPurri - mir schwätze Kultur - de Podcast dës Woch mam Moler Pit Riewer.
Zejoert gouf hie mam Prix révélation vum CAL ausgezeechent. Am Centre d'art nei Liicht kann een aktuell dem Pit Riewer seng éischt Solo-Ausstellung gesinn an där d'Molerei zwar am Mëttelpunkt steet, den Ausgangspunkt awer ëmmer eng Foto ass an och e Gedicht eng wichteg Roll spillt. An engem Café zu Diddeleng huet de Moler dem Claudia Kollwelter ënnert anerem erkläert wéi d'Ausstellung zustane koum, wéi en iwwer Ëmweeër schlussendlech zu Antwerpen Molerei studéiert huet a wat de CAL Präis fir hie bedeit.
Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.
