Finanziell Hëllef vum Agrarministère méiglechLandwirtschaftsminister weist sech oppe fir e véiert Déierenasyl

RTL Lëtzebuerg
Aktuell am Summer an och soss sinn déi 4 Déierenasyler ëmmer nees akut iwwerfëllt - e Mëssstand op deen Déiereschutz-Organisatioune reegelméisseg hiweisen.
© RTL-Archivbild

D’Déiereschutzgesetz vun 2018 soll d’Déierewuel am Land verbesseren, mee gesäit och Kontrolle vun den zoustännege Verwaltunge vir. Dat klappt aktuell gutt an d’Gesetz gëtt och adequat ëmgesat, seet de Landwirtschaftsminister, deen drop hiweist, datt d’online Vente vun Déieren net verbueden ass. D’Gesetz gesäit nëmme vir, datt net op der Strooss, Mäert oder a Butteker mat Hënn a Kazen däerf gehandelt ginn.

Aktuell am Summer an och soss sinn déi véier Déierenheemer ëmmer nees akut iwwerfëllt - e Mëssstand op deen Déiereschutz-Organisatioune reegelméisseg hiweisen.

De Minister Claude Haagen seet sech oppen, fir en neit Asyl ze bauen: all Projet - wann déi néideg Konditiounen erfëllt ginn - géif op Demande och finanziell vum Agrarministère ënnerstëtzt ginn.

D’Froen ëm d’Déierewuel haten d’ADR an d’DP-Fraktiounen a parlamentaresche Froen opgeworf. Rieds goung doranner, datt besonnesch am Norde vum Land adequat Infrastrukture feelen, wou kënnen Déieren opgeholl ginn.

RTL-Artikel (11.8.2022): Lëtzebuerger Déierenasyler: Appell no Verstäerkung am Norden
RTL-Artikel (10.8.2022): Lëtzebuerger Déierenasyler: Streng Reegele bei Adoptiounen, mee net ouni Grond

Back to Top
CIM LOGO