Um Mëttwoch hu mer Iech an engem Reportage gewisen, datt déi véier Déieren-Asyler zu Gaasperech, Diddeleng, Esch a Schëffleng iwwerfëllt sinn.

Déi Responsabel géife sech dowéinst wënschen, datt eng weider Struktur am Norde vum Land entsteet. Och d'Veterinär- Verwaltung ass oppe fir en neien Asyl. Ganz séier wäert dee Wonsch awer net Realitéit ginn.

"Mir si vir bäi an hanne widder", sou beschreift den Adriano Matteagi, President vum Escher Déiereschutzveräin, d'Situatioun am Escher Déierenasyl. Et hätt een zéng Käfeger fir Hënn plus ee fir déi Muppen, déi vun der Police bruecht ginn. Dës eelef Käfeger sinn aktuell voll besat an och bei de Kaze wier ee mat 27 op der Limitt. Virun deem Hannergrond huet den Adriano Matteagi eng kloer Fuerderung un d'Politik.

"Am Norden onbedéngt sou eng Statioun opmaachen. Hëllefen, sou wéi d'Gemeng eis hëlleft, wou mer och frou driwwer sinn. Da misst dat mol fir den Ufank goen, géing ech soen."

Och am Déierenasyl zu Diddeleng géing ee sech iwwert eng weider Struktur an déi entspriechend Entlaaschtung freeën. De Paul Weber, President vum lokalen Déiereschutzveräin, gesäit virun allem eng grouss Erausfuerderung.

"Wann der een neit Asyl opmaache wëllt, musst der fir d'éischt eng Gemeng fannen, déi iech dobäi ënnerstëtzt. Wéinst deem groussen Opwand vun engem Asyl ass ee wierklech drop ugewisen, datt d'Gemeng engem hëlleft. Zousätzlech brauch een och eng Associatioun fir dat Ganzt ze geréieren. Et wier also schonn ee groussen Opwand een neit Asyl am Norden oder Osten ze installéieren."

Zu Diddeleng huet een an der Moyenne 15 Hënn an et ass een op maximal 50 Kazen ausgeluecht, mee dës Zuel wier och heiansdo vill méi héich. D'Ekippe vum Asyl wier extrem op d'Hëllef vun de ronn 30 Benevollen ugewisen. Dat d'Zesummenaarbecht mat de lokalen Autoritéite gutt klappt, weist d'Tatsaach, datt d'Gemeng als Bauhär vum neie Gebai optrëtt, dat direkt nieft dem bestoenden Asyl entsteet. D'Aarbechte sollen nom Kollektivcongé ulafen a ronn zwee Joer daueren. Dat alt Asyl gëtt dono ofgerappt an déi Fläch da genotzt fir de Muppe weider ee groussen Auslaf ze erméiglechen.

Op nationalem Niveau ass zu Lëtzebuerg de Landwirtschaftsministère, méi genee d'Administration des services vétérinaires (ASV), zoustänneg fir de Bien-être animal. Et wier ee sech der Problematik vun den iwwerfëllten Déierenasyler bewosst, sou d'Bérit Majeres, Responsabel fir d'Déierewuel bei der ASV. Den Opbau vun enger neier Struktur géing op alle Fall net un der Veterinärverwaltung scheiteren.

"Wann eng ASBL eng Demande fir een Asyl am Norde mécht, kënnt déi bei eis. Mir kucken dann op d'Konditiounen erfëllt sinn. Wann dat de Fall wier, géinge mer dat sécherlech ënnerstëtzen, well de Bedarf ass do. Wann d'Konditiounen net ganz erfëllt wieren, kucke mer fir ze hëllefen, datt et klappt."

Déi wichtegst Oplag ass, datt d'Conditions de détention aus dem Déiereschutzgesetz respektéiert ginn. Jee nodeem wéi vill Déieren een ophuele wëll, muss eng gewësse Minimalgréisst garantéiert sinn. Och am sanitäre Beräich ginn et Restriktiounen. Bis ewell läit nach keng Demande fir een Asyl am Norde vum Grand-Duché vir. Op eng staatlech Struktur eng Alternativ kéint sinn, dozou wollt ee sech bei der Veterinärverwaltung net äusseren, dat wier eng politesch Decisioun.