
Liewe mat enger Beanträchtegung
Offiziell Zuelen dozou wéi vill concernéiert Leit hei am Land liewen, huet Info-Handicap leider net. Déi lescht Zuele kommen aus der Vollekszielung vun 2021 déi de Statec lescht Joer publizéiert huet. An do hu bal 15% vun de Leit deklaréiert mat enger Beanträchtegung ze liewen. Christine Zimmer vun Info-Handicap:
“Dat stëmmt och eigentlech mat internationale Studien iwwertenee wou ee sou tëschent 15 an 20% läit. Och dass di meescht Leit uginn, eng See-Beanträchtegung ze hunn, respektiv eng physesch Beanträchtegung oder eng Héier-Beanträchtegung ze hunn, do leie mer och op enger Linn mat internationale Studien.”
Et ass esou, dass déi meescht Leit net mat enger Beanträchtegung gebuer gi mee dës am Laf vum Liewen duerch Krankheet, Accident oder och am Alter kréien. 80% vun de Beanträchtegunge sinn iwwregens net visibel:
“Well een och net ëmmer direkt gesäit ob eng Persoun net gutt gesäit, net gutt héiert oder ob se eng intellektuell Beanträchtegung huet. Vill rar Krankheete gesäit een och net op den éischte Bléck, wei zum Beispill chronesch Fatigue an dann awer natierlech och den Autismusspektrum, ADHS, Verhalensopfällegkeeten, et ass immens large an et et ass eigentlech eisen Uleies an der Gesellschaft Bewosstsinn ze schafe fir d’Besoine vu Mënsche mat enger Beanträchtegung.”
Ronn 75% vun den Demanden déi bei Info-Handicap aktuell erakommen, betreffen den Aarbechtsmaart:
“Do si mer reegelméisseg domadder natierlech konfrontéiert. Wat ass de Statut, wat ass de Reclassement, wéi funktionéiert dat? A n dann awer och, ech wëll vläicht mengem Patron net soen, dass ech de Statut hunn. Do maache mer natierlech ganz vill Empowerment well mer natierlech wëllen, dass d’Mënsche mat enger Beanträchtegung an deem do Fall wa se de Statut hunn, hirem Patron dat kommunizéiere fir dass hir Besoinen och kënnen en Compte geholl ginn.”
Wann ee Froen zum Thema Beanträchtegung huet, da kann ee sech gäre beim “Centre national d’information et de rencontre du handicap” mellen. An dat gëllt net nëmme fir Leit déi selwer betraff sinn:
“Eigentlech ka jiddereen sech un eis wenden, egal, ob een eng Beanträchtegung huet oder net, esoulaang d’Theema souzesoen d’Beanträchtegungen sinn. Et kann ee bei eis uruffen, et kann een eis eng Mail schreiwen an et kann een natierlech och e Rendez-vous mat eis maache fir bei eis laanschtzekommen, fir sech informéieren a beroden ze loossen.”
D’Associatioun bitt dann och sougenannte Formations de sensibilisation am Ëmgang mat Leit mat enger Beanträchtegung un. Weider Informatioune ginn et op info-handicap.lu