
Mir hu schonn emol eng Etüd virgestallt, déi fonnt hat, dass de relativen Risiko fir en Lymphome (also Lymphdrüsdenkriibs) ëm 30% erop geeet. Den Dr Marc Keipes ass op interessant Fakten gestouss.
Bei den Dammen ënner 40 Joer sinn et 40%
Dës schwedesch Studie huet erausfonnt, dass ongeféier 20% vun hire Leit tätowéiert sinn, jee no Kategorien. Bei den Dammen ënner 40 Joer sinn et 40%. Aus dem nationale Kriibsregister vun 2017 sinn all Leit mat Melanom ugeschriwwe ginn a jeeweils 3 'Témoin contrôle' vum selwechten Alter, Sex etc erausgesicht ginn fir ze vergläichen.
Erausliesen kann een awer nach wäertvoll Messagen, vir Saachen am viraus z'evitéieren.
Bei 3/4 vun de Patienten war de Melanom an der Regioun wou den Tattoo souz och souguer wann een ewech gelasert gi war. De relative Risiko e Melanom ze kréien, geet ëm 29% erop, duerch déi Faarfpigmenter, Tënten an eventuell Konservéierungssubstanzen, déi an deene Faarwen dra sinn an ënner d'Haut gepickt ginn. Natierlech bleift de Risiko duerch ze vill UV-Stralen, also ze vill an d'Sonn oder verbrennen besonnesch als Kand oder als Jugendlechen déi Haaptursaach vun Hautkriibs, mee op déi Schéinheetsflecken, déi no bei engem Tatouage leien, soll een also speziell gutt uecht dinn. Reegelméisseg bei den Hautdokter goen, genuch Sonnecrème kënnt och hëllefen, an am beschten näischt stiechen oder näischt Neies stieche loossen.