GesondheetstippPlacebo

Patrick Greis
Wann ee sech abilt dass eppes hëlleft, ass dat schonn vill wäert.
© Patrick Greis

Den Dokter Marc Keipes aus dem Gesondheetszenter op der Gare gräift op d’Studien vum Placebo zréck, a freet sech wien oder wat dat iwwerhaapt ass.

Dat kënnt aus dem Latäin an iwwersat heescht et ongeféier ‘ech wäert gefalen’. An esou ass et och. Wa mir Mënschen - awer och bei den Déieren gëtt et deen Effekt och - eis Hëllef erwaarden vun enger Pëll oder Sprëtz, dann hëlleft eist Gehier, eis Abildungskraft mat. Deen, deen dat net gleeft soll mol séier d’Aen fest zoumaachen a sech e gutt Stéck Schockelaskuch virstellen, dat grad elo waarm aus dem Uewen kënnt. Wann Iech elo d’Waasser am Mond zesummegelaf ass, dann ass dat de Beweis vun der Muecht vun eiser Abildungskraaft.

A bei Pëllen a Sprëtzen ass dat net anescht?

Wat d’Pëll méi gelueft gëtt vum Dokter oder Apdikter, d’Infusioun méi faarweg ass, de Sirop méi batter schmaacht, wat den Effekt besser wierkt. Eng Eidel ouni Wirkstoff Pëll kann de Wéi verbesseren duerch Endorphinen, déi dann eist Gehier fräisetzt zB. Och bei mentale Problemer hëllefe Placeboen. Déi geteste Medikamenter musse verglach gi mam Placebo, woubäi weder den Dokter nach de Patient weess wien dann elo deen aktive Wierkstoff kritt a wien net. Am beschten dir braucht keng Behandlung, da bleift dir gesond.

Wann ee sech abilt, dass eppes hëlleft, ass dat schonn vill wäert.

Back to Top
CIM LOGO