"Gepëspers um Späicher" mam Gérard LopezMeng grouss Angscht ass et, eppes net auszeprobéieren

Annick Goerens
"Geschäftsmann a ville verschiddene Saachen zanter ville Joren an eng Persoun, déi ni ophält sech iergendwéi ze beweegen: sief et am Reesen, Schaffen oder wat och ëmmer", sou géing de Gérard Lopez sech selwer beschreiwen.
Gérard Lopez
Entrepreneur an Investisseur. Wat wollt den “self-made man”am Alter vun 10 Joer ginn? Wat ass seng Liewensphilosophie. An gëtt et eppes wat hien bedauert?

A prekäre Verhältnisser grouss ginn

De Gérard Lopez gëtt dëse 27. Dezember 54 Joer al. Hien ass zesumm mat zwou Schwësteren zu Esch grouss ginn. Dat a prekäre Verhältnisser. Seng Eltere si Spuenier an hunn hei am Land geschafft. Ugangs wollte si nach zeréck a Spuenien goen. Dofir ass hien déi éischt 6 bis 7 Joer souwuel zu Lëtzebuerg wéi och a Spuenien an d’Schoul gaangen. Iergendwann ass dunn d’Decisioun komm, fir zu Lëtzebuerg ze bleiwen, aus finanzielle Grënn.

“Wann een op engem Niveau ass, wou de Papp iergendwann am Wanter tatsächlech muss e Miwwelstéck futti maachen, fir kënnen d’Haus ze hëtzen. Oder wéi a Spuenien bei menger Bom keng Toilette oder waarmt Waasser do sinn. Do ass all Dag, deen duerno kënnt, positiv. An dofir hunn ech och keng Angscht virun neien Defien.”

Dem Gérard Lopez seng eenzeg grouss Angscht ass et, eppes net ze probéieren. Wann et duerno net klappt, dat wier eppes aneschters.

Schwéier ze geréieren: “Ech hunn net an de System gepasst”

Den Investisseur schwätzt siwe Sprooche fléissend. Hien ass zu Esch an engem Quartier grouss gi mat vill verschiddenen Nationalitéiten an hätt do einfach “een Ouer dofir” entwéckelt. Doheem mat de Schwëstere gouf Lëtzebuergesch geschwat. Mat den Elteren Spuenesch. Hien huet och ëmmer vill gelies, an der Schoul koum dann Däitsch, Franséisch an Englesch derbäi. Donieft schwätzt hien och Portugisesch a Japanesch.

An der Schoul ass de jonke Gérard Lopez allerdéngs net positiv ervirgestach. Hien huet net opgepasst, well hien net interesséiert war an ass och dacks och net an d’Schoul gaangen.

“Meng Eltere sinn einfach dovun ausgaangen, dass ech schwéier ze geréiere war.”

Méi spéit gouf hien du mat ADHS (Aufmerksamkeitsdefizit-/ Hyperaktivitätsstörung) diagnostizéiert an bei engem Intelligenztest hat hien e Score vun 172. Du war kloer: hien hat Konzentratiounsproblemer a war ënnerfuerdert.

Vum “aarme Bouf” zum “self-made man”

Den Entrepreneur huet duerno an den USA dräi Fächer studéiert: Management, Management Information Systems an Asiatesch Konscht. Do huet hien och Japanesch geléiert. Do ass och d’Léift fir Technologien entstanen, “well et do ëmmer eppes Neies gëtt. [...] A wou ech och keng Stonnen zielen. Wou ech ka véier Stonne schlofen an 20 Stonne schaffen. Kee Problem”.

2003 hat hie mat sengem Business-Partner an de Messenger-Déngscht Skype investéiert. 2012 goufen déi Parte fir iwwer véier Milliarden u Google verkaf.
Haut ass den Investisseur aktiv an der Dronen-Technologie an an der Kënschtlecher Intelligenz mat Fokus op Musek an op Gesondheet. Wat interessant wier, dass een net wéisst, wéi d’Leit wäerten domat ëmgoen. Et kéint souwuel fir gutt wéi fir schlecht Saache benotzt ginn. Mat Bléck op d’Robotik wiere mer manner wéi fënnef Joer ewech vun enger deelweis “robotiséierter Police”, ouni Empathie an ouni mënschlech Connectivitéit. Dofir: “D’Ethik an d’Empathie, déi mussen ELO an déi Systemer agebaut ginn, well duerno ass et ze spéit.” D’Iddi vum Terminator, déi wier haut net méi mat den Hoer erbäi gezunn, sou de Gérard Lopez.

Grousse Beruffswonsch als Kand: Schräiner

Als Kand war säi gréisste Wonsch Schräiner ze ginn. Béid Bope ware Baueren an een dovun huet niewelaanscht och Miwwele gemaach. An hie war als Kand ganz vill dovunner faszinéiert.

“Well mer keng Suen haten, fir Spillsaachen ze kafen. A mat Holz huet hien ëmmer sou onwarscheinlech Saache gemaach. An ech sinn haut nach ëmmer Holz-verléift. Ech packen et och gär un. Et ass eng Matière, déi ech immens gutt fannen”

Eng grouss Passioun: Sport

Och de Sport war fir den Entrepreneur ëmmer schonn eng Passioun an hien huet selwer als Kand Basket an duerno Futtball op der Fola gespillt. Seng Passioun huet sech als Entrepreneur weider entwéckelt: Veräiner kafen, sanéieren an nees verkafen. Mol ass dat méi (bei Lille) a mol manner (beim belsche Club Mouscron, de portugisesche Boavisto Porto an de Girondins de Bordeaux) gegléckt. Ass et domat eriwwer? Jein, seet den Investisseur. Aktuell hätt hien einfach Loscht op aner Saachen a géif virop nees vill Coursse fueren, dorënner 24-Stonnen-Daytona, Le Mons Classic, 24-Stonnen-Dubai.

Dass hien op Kritik an de Medien net géing reagéieren, léich einfach dorun, dass hien dat net géing interesséieren. Wann d’Kritik berechtegt a richteg wier, da géing hie se ophuelen a versichen doraus ze léieren.

“A wa se net gerechtfäerdegt ass, dann ass dat nach méi e Grond, fir net dorop ze reagéieren.”

Papp duerch Covid gestuerwen: “Ech hunn hien ëm eng hallef Stonn verpasst”

Huet een erfollegräichen Entrepreneur iwwerhaapt Regreten? Eigentlech géing hien e bëssi fuddele mat sech selwer, äntwert de Gérard Lopez. Hie wier sou vun der Zukunft an dem, wat kënnt, iwwerzeegt, dass hie ganz wéineg géing no hanne kucken. Mee et géing déi eng oder aner Saache ginn, privat, déi hie géing bedaueren. Hie géing esou vill reesen ”... a mäi Papp ass duerch de Covid gestuerwen. An ech hunn hien ëm eng hallef Stonn verpasst. Dat ass ganz schwéier.”

Dat kënnt vum ville Reesen, mee hie géing natierlech net regrettéieren, fir vill ze reesen, mee den Ament do: jo. Duerch säi Papp an eigentlech béid Elteren hätt hien d’Valeur vun der Aarbecht am Beschte matkrut. Si hätten alle béid esou vill geschafft, ouni iergendwa wierklech Suen ze hunn. Mee soss hätt hien eigentlech ni Virbiller gehat, ni Posteren un der Mauer als Jugendlechen. “Ech hat Autoen op der Mauer”, geckst de Gérard Lopez.

Wat ass d’Liblingsband vum Gérard Lopez?
Wéi een Auto wollt hien als Jugendlechen onbedéngt fueren?
A wat sinn eigentlech haut seng Hobbyen?

Back to Top
CIM LOGO