
De Paolo Bulgari hat d'Familljegeschäft am Joer 1984 iwwerholl an et zu enger vun de weltwäit renomméiertste Luxusmarken op der Welt entwéckelt.
1960 hat e scho mat sengem Papp ugefaangen zesummenzeschaffen a sech besonnesch duerch eng Expertis iwwer Eedelsteng ausgezeechent. Zesumme mat sengem Brudder Nicola a sengem Neveu Francesco Trapani huet de Paolo Bulgari dann 1984 d'Entreprise geleet, déi sech vun do un net méi ausschliisslech op Bijoue spezialiséiert hat. Och Aueren, Parfumen, Liederwueren oder aner Accessoirë goufen Deel vum Sortiment.