Schrëtt fir Schrëtt: Sandra Caçao Lopes"Ech hat ganz vill Kraaft, a ganz vill Wëllen, an d'Schoul ze goen"

Julie Thilges
D'Sandra ass eng 29 Joer jonk Mamm vu 4 Kanner. Si hëlt op der ENAD hir Schoul no, fir sech an hire Kanner e bessert Liewen ze ginn.

D'Sandra ass mat sengen 29 Joer eng jonk Mamm vu 4 Kanner, dat eelst ass 10 Joer al. Scho fréi wousst hatt, datt hatt eng Famill wéilt opbauen, säi berufflechen a schoulesche Parcours allerdéngs stoung virun enger Rei Erausfuerderungen.

D'Sandra ass a Portugal gebuer a mat 8 Joer op Lëtzebuerg komm. Déi Zäit war gepräägt vun Einsamkeet, well seng zwou Schwëstere ware scho méi al a sinn a Portugal bliwwen, well si haten do schonn hiert d'Liewen.

Duerch dem Sandra seng Schwieregkeete mat der Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg gouf hatt an d'zweet Schouljoer orientéiert, a war do dat eelst an der Klass. Dobäi koum, dass déi aner Kanner dacks Remarke gemaach hunn zu sengem Sproochgebrauch, soudass hatt iergendwann guer näischt méi gesot huet. Nom 4. Schouljoer gouf hatt an de Modulaire orientéiert an huet d'Primärschoul net offiziell ofgeschloss.

Wärend senger Zäit am Lycée huet d'Sandra richteg Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch geléiert, an huet sech no der 9e decidéiert, eng Léier unzefänken a mam Lycée opzehalen. Dës Léier huet hatt beim Lea Linster gemaach, a seet, dass hatt och gutt war, mee dass et fir sech selwer an deem Secteur keng Zukunft gesinn hätt.

Fir d'Sandra war awer schonn ëmmer kloer, dass hatt eng Famill wéilt grënnen.

Mat 19 Joer krut hatt säin éischt Kand, mat 20 dat zweet. Dono koumen nach 2 Kanner dobäi. Duerch seng Kanner huet d'Sandra no Flexibilitéit a Stabilitéit gesicht an huet am Ufank als Botzfra geschafft, dono de Sozialberäich fir sech entdeckt. An dësem mécht hatt och elo seng Léier, als Assistant d'accompagnement au quotidien — bei Elisabeth am Klouschter.

An der Dokuserie suivéiere mir d’Sandra eng éischte Kéier op senger Léierplaz, a léieren, wat seng Hoffnunge fir d'Zukunft sinn.

Schrëtt fir Schrëtt: Sandra 1
Mir léieren d’Sandra op der Aarbecht bei Elisabeth kennen. Hatt ass nach an der Léier, an hofft op eng Festastellung wann hatt seng Schoul bis ofgeschloss huet.

Fir am Sozialberäich kënnen ze schaffen, huet d'Sandra sech bei der Ecole Nationale pour Adultes (ENAD) ugemellt: Hei ass hatt 2025/26 a sengem leschte Joer. Een Dag d'Woch geet hatt an d'Schoul, déi aner véier Deeg geet hatt schaffen, muss awer seng Hausaufgabe maachen a fir d'Prüfunge léieren. Fir alles ënnert een Hutt ze kréien — Schoul, Léierplaz, Kanner — ass vill Organisatioun gefuerdert.

Schrëtt fir Schrëtt: Sandra 2
D’Sandra ass aus Portugal op Lëtzebuerg komm, an duerch seng Schwieregkeete mat der Méisproochegkeet gouf hatt an de Modulaire orientéiert.

No 3 Joer Schoul kann d'Sandra awer opootmen, a schléisst d'Kapitel vum Léieren offiziell of. Mir gesinn, wéi seng Zukunft ausgesäit, a wat op hatt wäert duerkommen.

Schrëtt fir Schrëtt: Sandra 3
No jorelaanger Aarbecht kann d’Sandra opootmen: Seng Schoulzäit ass elo definitiv fäerdeg an dat gëtt mat enger offizieller Zeremonie gefeiert.

Kuckt hei nach emol all d'Episode vun der Doku-Serie Schrëtt fir Schrëtt oder elo och déi eenzel Geschichte beieneen:

Back to Top
CIM LOGO