D’Sarah Cattani kennt een nach vun RTL, wou si 12 Joer fir Radio an Télé geschafft huet. Dono huet déi grouss Welt gelackelt an d’Sarah ass um Enn an Indien hänke bliwwen, net zulescht och wéinst dem John, dee se do kennegeléiert huet. Zesumme mat hirer Duechter Mahi wunnt d’Famill elo um Misärshaff, dee se fir d’Scoute geréiert. D’Koppel organiséiert Online-Yogascoursen an “Be well” heescht de gesonde Podcast, wou een d’Sarah reegelméisseg héiert.
www.sarahjohnyoga.com

De Marc Theis huet et op Hannover verschloen, wou en als selbststännege Fotograf schafft. “Hinter der Maske” heescht säin aktuellt Fotobuch, wou e Leit an der Pandemie e Gesiicht gëtt. Geknipst huet en eng Brautkoppel, e Paschtouer, awer och Sportler a souguer de Ministerpresident aus Niedersachsen Stephan Weil. Vill Leit kennen de Marc Theis nach duerch säi Buch iwwer d’Skorpions oder ee vu senge 17 Kalenneren, déi en entretemps erausbruecht huet.
D’Déborah Willis-Cahen ass zu Esch gebuer, huet zu Dikrech d’Hotelsschoul gemaach an huet hire Mann zu Las Vegas op engem Roadtrip mat hire Frëndinne kennegeléiert. Haut lieft se glécklech a Kanada, 15 Kilometer vun Chetwynd. En Uleies war et der Mamm vun 2 klenge Meedercher an engem Bouf, dass een och ouni perfekte Body glécklech ka ginn, an dofir huet se sech en Häerz geholl a bei engem Concours matgemaach, wou d’Gewënnerin op den Inked Magazine kënnt.

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.