An eiser Serie hu mir eng Partie Aktivitéiten erausgesicht, déi Dir wärend der Summervakanz an am Alldag kënnt mat Ärem beschte Frënd ënnerhuelen.

Fir e Leckerli géinge vill Muppen alles maachen: de Männchen, Patt ginn oder sech iwwert de Buedem rullen. Allerdéngs kann een nach vill méi mat klenge Snacken erreechen. D'Véierbeener kann een nämlech net nëmmen duerch kierperlech Aktivitéit auslaaschten, mä och duerch Nuesenaarbecht an intensiven Denktraining.

Op d'Nues ass Verlooss

A puncto Gerochssënn sinn d'Muppen hire Meeschtere wäit iwwerleeën. Jee no Rass besëtzt en Hond iwwer 200 Millioune Richzellen: e Mënsch dogéint kënnt knapps op 5 Milliounen där Zellen. Fir Hënn sinn d'Gerécher net just méi intensiv, ma si kënnen och bestëmmen, aus wéi enger Richtung se kommen. Grad dowéinst kënnt de beschte Frënd vum Mënsch sou gutt fir Sichspiller a Fro.

Nuesenaarbecht - einfach doheem oder am Gaart

Als éischt ass et wichteg, dem Hond de Prinzip vum Spill bäizebréngen. Dowéinst soll een d'Fudder um Ufank op glatem Buedem verdeelen. D'Sich no de Käre wäert dem Véierbeener relativ einfach falen, well e sech hei op seng Aen a seng Nues verloosse kann. Ass dëst gegléckt, kann een d'Sich e bësse méi komplizéiert gestalten a sech nei Uewerflächen eraussichen, wéi zum Beispill en Teppech, Wiss oder en "Schnoffelteppech", bei deenen den Hond sech méi op seng Nues verloosse muss. En "Schnoffelteppech" kann ee sech ganz einfach aus ale Stoftreschter bitzen oder an engem Déierebuttek kafen.

RTL

Schnoffelteppech / © Shutterstock

Meeschtert d'Hausdéier dës Prüfung mat Bravour, kann een de Schwieregkeetsgrad nees eropsetzen a méi kreativ beim Verstoppe vun de Leckerlie ginn. Heivir kënnt zum Beispill e Verstopp hannert Géigestänn wéi enger Riddo oder hannert enger Planz a Fro.

Klengen Tipp:

Fir ze vermeiden, dass de Mupp et sech zur Gewunnecht mécht, iwwerall a stänneg no eppes Iessbarem ze sichen, soll den Hond just op Kommando op d'Sich geschéckt ginn.

Gedold an Nodenke si gefrot

Wien nach e Schratt méi wäit goe wëll, dee ka mat sengem beschte Frënd op véier Patten Denkspiller maachen. Hei sinn der Kreativitéit keng Grenze gesat. Op d'Nues eleng ka sech den Hond heibäi net verloossen. Un d'Leckerlie kënnt en nämlech just, wann en op en Hëllefsmëttel zeréckgräift.

Beispill:

Maacht e Lach an eng al Schongkëscht a stellt déi op de Buedem. Verstoppt e puer Kären Dréchefudder an engem sougenannten "Leckerli-Dummy" a befestegt eng laang Schnouer drun. Gitt dem Hond den "Dummy" ze richen a leet deen dann an d'Këscht. Elo ass et um Hond. Well d'Lach esou kleng ass, kënnt hien net mat der Schnuff drun. Déi eenzeg Méiglechkeet, fir d'Zil z'erreechen, ass et, un der Schnouer ze zéien.

Eng roueg Schnuff

Eng weider Aktivitéit, bei där Gedold den A&O ass, ass d'Balancéiere vu Leckerlien. Mat enger roueger Hand leet ee sengem Mupp e Snack op d'Nues. Wärend e puer Sekonne soll sech den Hond sou mann wéi méiglech beweegen an de Kär op der Schnuff balancéieren. Eréischt, wann de Meeschter de Kommando gëtt, dierf de Leckerli gefrupst ginn. Huet den Hond den Trick eraus, kann ee sech e Spaass draus maachen, an e puer Leckerlien iwwertenee stapelen.

RTL

© Shutterstock

Sich- an Denkspiller sinn eng optimal Aktivitéit fir Véierbeener, déi wëlle beschäftegt ginn. Esou gi si nämlech gläichzäiteg kierperlech a mental gefuerdert a verbesseren hir Konzentratiounsfäegkeet. Ausserdeem gëtt hiert Selbstbewosstsinn duerch d'Erfollegserliefnisser (Belounung duerch Fudder a Luef) gestäerkt. Grad fir Déieren, déi eréischt viru Kuerzem mat Denkspiller an Nuesenaarbecht ugefaangen hunn, sinn d'Trainingen immens ustrengend. Ronn 10 Minutte ginn an der Ufankszäit labber duer. Well d'Fellnues beim Schnoffele vill a séier ausotemt an d'Schläimhait doduerch dréche ginn, dierf net vergiess ginn, dem Mupp ëmmer genuch Waasser hinzestellen.

Aner Episoden aus dëser Serie

Episod 1: D'Heemecht zu 2 iwwer Wanderweeër entdecken

Episod 2: Spill a Spaass op der Hondswiss