Fundraiser
"Gaart an Heem" spenden 1.000 Euro un d'Stëmm vun der Strooss

D'Sue vu "Gaart an Heem Hunchereng, Fenneng, Naertzeng" kommen der Initiativ "Dr. Stëmm" zegutt, mat deem d'Leit vun der Strooss sech eng Kéier d'Woch vu fräiwëllegen Dokteren ënnersiche loosse kënnen.
Zanter 1999 ginn dës gratis Consultatiounen ugebueden, an deenen d'Patienten och u Spezialiste weidervermëttelt kënne ginn. Well esou bei esou Iwwermëttlungen héich Rechnungen ze bezuele sinn - grad fir Leit ouni Krankeversécherung - hëllefe Spenden, déi ze begläichen.

Am meeschte gelies