Mat vill Fangerspëtzegefill, Gedold a Kreativitéit entstinn hei flott Handaarbechten, déi op verschiddene Mäert verkaaft ginn. Den Erléis gëtt all Joer gespent.
An de leschten zwee Joer konnten esou 7.700 Euro gesammelt ginn. Mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Kielen ass de Betrag op 10.000 Euro eropgesat ginn. D’Suen goufen Mëtt Oktober 2026 un Médecins du Monde Luxembourg gespent. D’Organisatioun setzt sech fir Mënschen hei zu Lëtzebuerg an, déi keen oder nëmme schwéieren Zougang zu medezinescher Versuergung hunn.
De Club Senior Kehlen ass Deel vum nationale Reseau vun de 24 Club Aktiv Plus zu Lëtzebuerg. Dës bidden de Leit ronderëm de Pensiounsalter eng grouss Villfalt un Aktivitéiten, fir aktiv ze bleiwen, Neies ze entdecken an um gesellschaftleche Liewen deelzehuelen. www.clubaktivplus.lu
Ganzen Artikel: https://clubaktivplus.lu/de/masche-fuer-masche-10-000-euro-fuer-medecins-du-monde-luxembourg/
Méi Informatiounen iwwert Médecins du monde: https://medecinsdumonde.lu/