
24. November 2026 – Charles Kieffer Group ënnerstëtzt Blëtz a.s.b.l.
No zwou erfollegräiche Formatiounen zum Thema Hierschlag beim Charles Kieffer Group gouf Blëtz a.s.b.l. de 24. November 2026 e Scheck vun 2.000 € iwwerreecht.
Blëtz a.s.b.l. ass eng Lëtzebuerger Associatioun, déi Betraffener vun engem Hierschlag an hir Familljen ënnerstëtzt a sech fir d’Sensibiliséierung an d’Preventioun vum Hierschlag asetzt.
D’Chantal Keller, Presidentin vu Blëtz a.s.b.l., an de Marc Metz, Comitésmember, hunn de Scheck am Numm vun der Associatioun entgéintgeholl.
Blëtz a.s.b.l. seet dem Charles Kieffer Group häerzlech Merci fir dëse generéisen Don.