All Joers gëtt POST Luxembourg hire Mataarbechter d'Méiglechkeet un eng sozial Organisatioun ze spenden. Am Ganze sinn 2023 esou 4.410 Euro zesumme komm. Dës sollen der Stëmm vun der Strooss et erméigleche speziell Eventer, wéi fir Ouschteren oder fir Halloween, z'organiséieren. Mat de Sue kann een dann zum Beispill d'Iesse finanzéieren.

Weider 10.000 Euro huet POST Philately gespent, déi de Krypto-Timber "Gold Edition" fir de gudden Zweck verkaf haten. Dëse Scheck soll genotzt ginn, fir d'Paie vun 12 Persounen ze bezuelen, déi bei der Stëmm vun der Strooss schaffen.