Den 8. Abrëll sollen d'Aarbechten elo ugoen

© Domingos Oliveira
Dem Informatiounsschëld no dierfte se bis 2020 daueren. D'Strooss vun Doosbuerg op Maarnech hat jo an der Lescht fir allerhand Gespréich gesuergt.
Elo sollen déi 4 Kilometer dann nei gemaach ginn, dat annoncéiert op d'mannst emol e Panneau vun de Ponts et chaussées - en Foto dovun zirkuléiert aktuell och op Facebook ...
Et ass net fir d'éischt, dass d'N10 tëscht Doosbuerg a Maarnech an de sozialen Netzwierker thematiséiert gëtt. Viru ronn engem Joer hat eng Automobilistin op Facebook op den desolaten Zoustand vun der Streck opmierksam gemaach: Et sollt nees Beweegung an den Dossier kommen - en Dossier, dee schonn 10 Joer laang besteet a wéinst engem Konflikt tëscht der Stroossesécherheet an dem Naturschutz net richteg weidergeet.
RTL NEWS: Sanéierungsaarbechte vun N10 kéinten Uganks 2019 ufänken
D'lescht Joer hat de Minister François Bausch betount, et hätt een eng Léisung fonnt, a versprach, d'Aarbechte géingen Ugangs 2019 lassgoen. An engem Avis hat et geheescht, dass am Januar 2019 déi éischt Phas vun de Sanéierungsaarbechten lancéiert gëtt. Op de 4,22 Kilometer soll dann emol en neie Belag kommen. An der 2. Phas soll dann dem Naturschutz Rechnung gedroe ginn.
RTL NEWS: Schlechten Zoustand vun der N10 - Minister Bausch reagéiert a versprécht Besserung
Am Mäerz elo hate sech d'Automobiliste gewonnert, wéini et dann elo endlech wierklech lassgoe géif. Eldoradio war op Nofro beim Mobilitéitsministère gewuer ginn, d'Aarbechten sollten déi 2. Woch am Abrëll ufänken. Als Grond fir de Retard, goufen Etüde genannt, déi wéinst der schwiereger Streck méi hätte missen an den Detail goen.
Gleeft een dem Panneau, da schéngt den Datum déi Kéier jo ze stëmmen, den 8. Abrëll ass nämlech de Méindeg vun der zweeter Abrëllswoch ...